Teletravail a Biodiesel: Esou kéint den ACL seng CO2-Emissioune reduzéieren

De Lëtzebuerger Automobilclub betount ëmmer erëm, datt e sech fir en nohalteg, propper a bezuelbar individuell Mobilitéit asetzen an d’Dekarboniséierung ënnerstëtze wëll. Esou ass et iergendwéi logesch, och emol virun der eegener Dier ze kucken, wat een mat Respekt zur Ëmwelt ännere kéint.

Heivir huet den ACL seng verschidde Servicer an och d’Verhale vun de Mataarbechter analyséiert. Zum enge goufen d’Deplacementer op d’Aarbecht an nees Heem ënnert d’Lupp geholl, d’Kilometer déi wärend der Aarbecht zeréckgeluecht ginn, sou wéi d’Emissioune vun de verschidde Gefierer.

Et koum een zum Resultat, datt en Dag Teletravail fir d’Hallschent vun de Mataarbechter, bei deenen den Homeoffice och tatsächlech machbar wier, ganzer 10 % CO2 am Beräich Transport aspuere kéint. Ginn d’Depanneusen, Remorquen a Camionnetten mat Biodiesel getankt, kéint een nach emol – den ACL-Berechnungen no – d’Emissiounen ëm 50% reduzéieren. Fir déi gesamt Aktivitéite vum Club wieren 20% Reduktioun méiglech.

D’Geleeënheet notzt den Automobilclub dann direkt, wier op säi Service Fleet Association for Mobility (FAM) hinzeweisen. Zanter 2021 ginn esou Professioneller bei der Gestioun vun hirem Fuerpark beroden a begleet.

Dernières nouvelles