Commemoratiounen si gutt géint d‘Vergiessen

Déi Lëtzebuerger Associatioun vun de Militärveteranen (LMVA) huet um Sonndeg säin éischte Commemoratiounsdag fir „all déi wou hiren Déngscht“ geleescht hunn beim 395th BG Mémorial Musée zu Pärel ofgehalen.

D‘Organisateure konnten zefridde sinn. D‘Wieder war wuel wéi et sech fir den Hierscht gehéiert eppes frësch, mee vill sonneg Momenter, hunn sech der gudder Stëmmung ugeschloss. Scho moies, wou et fir d‘Veteranen (mat de Frae a Kanner) Kaffi ginn huet, war d‘Bud voll. Et gouf sech iwwer villes Ausgetosch, Anekdoten opgefrëscht an ganz allgemeng gefreet, nees beienaner ze sëtzen.

Ganz flott och d‘Presenz vun der US Air Force, déi mat engem ganze Bus, ënnert der Leedung vum Lieutenant-Colonel Austin C. Brown, un dësem 1. Commemoratiounsdag deel geholl hunn. Als klengen Highlight, war och ee Museker mat sengem Duddelsak an der entspriechender Kleedung ageluede ginn. Säin „Amazing Grace“ huet bei de Leit Héngerhaut a weider Emotiounen ausgeléist.

Nodeems d‘Kränz zu Éieren vu de Verstuerwene beim Denkmal néiergeluecht waren, konnt een esou lues zum Apero iwwergoen. Vergiesse mir hei elo awer net op eis Frënn vum CVM – dat sinn d‘Sammler vun historesche Militärgefierer aus Steesel – hinzeweisen, déi original gekleet mat hire Willys Jeepen dëse memorabelen Event nach eppes weider an de richtege Kontext konnte bréngen.

Wärend déi eng de Grill belagert hunn, hunn déi aner d‘Zapanlag op hir Effizienz iwwerpréift. Mir hunn an dëser Zäit de Musée besicht a séier festgestallt, datt dësen net nëmme ganz interessant Artefakte bereet hält, mee och vill zur Geschicht vun der 385rth Bomb Group fir d‘Gäscht parat hält. Wien an der Géigend ass, sollt sech eng Stënnchen Zäit huelen, a sech am Musée ëmkucken.

Foto a Galerie: © Laurent Hoff / Video Duddelsak © LMVA / Video Presentatioun © moien.lu

Dernières nouvelles