Confinement fir Ongeimpfter an Ueweréisträich

Ab ee Méindeg musse Mënschen déi net geimpft sinn, an Ueweréisträich an den Hausarrest, dee Pandemiebedéngt als „Lockdown“ iwwersat muss ginn. Grond: Wann een d‘Leit net zur Impfung zwénge kann, esou kann een dësen d‘Liewen esou schwéier maachen, datt si sech ganz fräiwëlleg dem Zwang ënnerwerfen. Esou zumindest gesäit et déi éisträichesch Regierung.

Ganz esou einfach war et net mat der Ëmsetzung, well nach ee Mëttwoch, hat de Landeshaaptmann Thomas Stelzer (ÖVP) dës Mesure denoncéiert. Gëschter huet de äerdege Politiker sech dann awer en Häerz gefaasst, an zesumme mat „deenen aneren“ d‘Handbrems gezunn. Hien huet dofir eng politesch Erklärung… Politiker hunn och ëmmer politesch Erklärunge fir Inkompetenz a Versoen

Alperepublik

Esou heescht elo: „D‘Entwécklung vun dëser Well léist den normale Rhythmus de mir bis ewell kannt hunn, net zou. Aus dësem Grond wäerte mir den Niveau fënnef vum Schutz deen de Bund virgëtt ausléisen. Dat ass de Lockdown fir déi Ongeimpft“. Dat klengt no enger drastescher a wuel mat den individuelle Fräiheeten onvereenbar Mesure, mee mat Skandaler huet ee vill Erfarung.

An da muss een hei net all Wuert entspriechend senger Definitioun mëss verstoen. Natierlech gëtt keen deen eppes zur Wirtschaftsleeschtung bäidréit „agespaart“. Schafen an/oder akafe goen, bleift erlaabt, esouguer de Spadséiergang wier weiderhin zoulässeg. Doriwwer eraus ass iwwerall den 2G gülteg, also sinn Ongeimpfter souwisou vun den Aktivitéiten/Déngschtleeschtungen ausgeschloss.

Et muss ee Versteesdemech hunn

Natierlech kéint elo der Usiicht sinn, datt eng Legiferatioun zur Impfflicht dee bessere Wee wier, mee et schéngt wéi wann sech d‘Politik selwer net méi esou sécher ass, ob een am Kontext vu Covid19 nach bei den agesate Medikamenter vun engem „Vaccin“ schwätze sollt. Et ass erwisen, datt et keen Infektiounsschutz ass an d‘Wierkung léist eppes séier (6 Méint) ze wënschen iwwreg.

An dann hu Mënschen och nach Rechter, déi zu allem Iwwerfloss vun de politeschen Decideure mat engem „dir hutt de Choix, kee gëtt zu iergendeppes gezwongen“ begleet ginn. D‘Rechter ginn elo hannenerëm beschnidden an de Choix, dee gouf streng geholl ni, et war eng éischter philosophesch Randbemierkung. Zudeem sollt ervirgehuewe ginn, datt d‘Alpeland ëmmer beispillhaft agéiert huet.

Alperepublik

D‘Inzidenz (op 7 Deeg gekuckt) läit aktuell bei ronn 1.200 Fäll vir 100.000 Awunner. Dat liicht iwwert dem prekoniséierten Taux vu 50/100.000. Ueweréisträich huet awer nach eng aner Suerg. Jorelaang goufe Spidolsbetter ofgebaut an haut sinn d‘Gesondheetsservicer mat 89 Patienten op der Intensivstatioun iwwerfuerdert. Et allerdéngs hei och kee Personal fir weider Intensiv-Better…

Fir d‘Bundesregierung ass dat elo eppes Stress, déi muss d‘Rechtsgrondlag fir d‘Ëmsetzung vun dëser a medezinesche Kreesser populär Mesure schafen. An d‘Veruerdnung muss vum Nationalrot ugeholl ginn. Ob dat Alles nach Verfassungskonform ass? Eigentlech egal, et misst scho geklot gi fir eng Äntwert ze ginn, a bis d‘Klo juristesch beäntwert ass, dierft d‘Pandemie eriwwer sinn.

mat indymedia/lnz

Illustratioun: © Emma Schulhenko / unsplash

Annex:

Dernières nouvelles