Covid-19 am Prisong: D’Preventiounsmoossname goufen nees verschäerft

Nodeems elo 8 Prisonéier positiv op Covid-19 getest a weider 100 Inhaftéierter a Quarantän gesat goufen, sinn d’Preventiounsmoossnamen am Prisong zu Schraasseg (CPL) nees verschäerft ginn.

All Aktivitéiten, bei där Persounen vu bausse gebraucht ginn, goufen annuléiert. Zousätzlech sinn all intern Beweegungen op e strikte Minimum reduzéiert. Visitte bleiwen erlaabt, dat allerdéngs just vun zwou Persounen (Kanner abegraff) pro Prisonéier an hannert enger Plexiglasscheif.

Dës Moossnamen gëlle fir 2 Wochen, kënnen awer jee no Situatioun ugepasst ginn. D’Prisongsverwaltung an d’Medeziner op der Plaz këmmere sech ëm d’Bewäertung vun der Situatioun.

Dernières nouvelles