Covid-19: Wéi steet et ëm d‘Impfeffizienz zu Lëtzebuerg?

An der Period vum 28. Dezember 2020 bis de 15. Juni 2021 si ganzer 452.575 Dose vun den zu Lëtzebuerg zougeloossenen Covid-19-Vaccin verofreecht ginn. Fir dësen Zäitraum huet de Gesondheetsministère elo éischt Resultater vun der Evaluatioun zur Impeffizienz verëffentlecht. Dobäi louch de Fokus besonnesch op Persounen ab 70 Joer.

Schliisslech haten eeler a krank Persounen, nieft de Persounen aus dem Gesondheets- a Fleegeberäich Virtrëtt bei den Impfungen. Esou krute säit dem Ufank vun der Impfcampagne bis zum 15. Juni 273.097 Persounen hir éischt Dosis an 179.478 Persounen déi zweet Dosis gesprëtzt. Bal d‘Hallschent vun der Bevëlkerung iwwer 16 Joer war also ee Mol geimpft, een Drëttel souguer zwee Mol, sou d‘Rechnung vum Gesondheetsministère.

Dobäi ass virun allem den Impfstoff vu Comirnaty® (BioNtech/ Pfizer) am Meeschte genotzt ginn. Direkt hannendru kommen d‘Mëttel Vaxzevria® (AstraZeneca), Spikevax® (Moderna) a Janssen® (Johnson & Johnson).

Mam Zil d‘Covid-19-Erkrankungen an Doudesfäll an Zesummenhang mam Virus ze reduzéieren, huet d‘Lëtzebuerger Impfcampagne eigentlech eng relativ grouss Zoustëmmung erlieft, och wann een op de soziale Medien éischter de Géigendeel erlieft. Ganzer 73 % vun den invitéierte Persounen sinn der Aluedung nogaangen sech géint Covid-19 impfen ze loossen.

Dobäi kënne virun allem eeler Persounen en héijen Impftaux virweisen: 80 % vun den Herrschaften ab 70 Joer si geimpft a bei Persounen an Alters- a Fleegeheemer sinn et souguer 84 %. Am Verglach dozou louch den Taux bei der jonker Populatioun bei 37 %, woubäi een awer och drun denke sollt, datt d‘Impfcampagne a verschidde Prioritéitsgruppen agedeelt war.

Laut dem Gesondheetsministère bestätegt sech och, datt eng vollstänneg Impfung e gudde Schutz fir Persounen ab 70 Joer bedeit. D‘Infektiounen wiere generell ëm 85 % zeréckgaangen, d‘Hospitalisatiounen ëm 99 % an d‘Doudesfäll am Zesummenhang mam Virus ëm 92 %. Änlech gesäit et och bei Persounen an Alters- a Fleegeheemer: Et goufen 90 % manner Infektiounen, 98 % manner Hospitalisatiounen an 96 % manner Doudesfäll gezielt.

Dernières nouvelles