Covid19: E Réckbléck op d’Woch vum 8. bis de 14. November 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech d’lescht Woch ronn 1.444 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn.

Ënnert dësen neien Infektioune läit den Inzidenztaux vun den nei geimpfte Persoune bei 356,49 pro 100.000 Awunner an 157,23 pro 100.000 Awunner, déi ee vollstännegen Impfschema haten. Dobäi muss gesot ginn, datt déi net geimpfte Persounen, een zweemol méi grousse Risiko hunn, infizéiert ze ginn.

D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 35,4 Joer.

Et goufen 18.904 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 17.316 Tester, se sinn e bëssen eropgaangen. 23 Schnelltester ware positiv.

De 14. November goufen 2.608 aktiv Infektioune gemellt, de 7. November waren et 2.285. Am Ganzen ziele mir 81.270 geheelte Persounen. D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie fir de Moment bei 8 Fäll. D’Altersmoyenne vun de verstuerwene Persoune läit bei 79 Joer.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 1,01 – en ass soumat liicht erofgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 7,68%.

D‘Inzidenz läit bei 228 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An der leschter Woch war se och op 191/100.000, se ass an d‘Luucht gaangen. An de Spideeler ass d’Situatioun e bëssen geklommen. Et sinn 31 Patienten op der normaler Statioun a 14 Patiente ginn intensiv behandelt.

Duerch technesch Problemer, konnten d‘Zuele mat de Persounen, déi an Isolatioun a Quarantän sinn, esou wéi d‘Plaze wou sech am meeschten ugestach gëtt, net fir de Wocheréckbléck verëffentlecht ginn.

Impfungen: An der Woch vum 8. bis de 14. November gouf am Ganzen 13.387 mol geimpft. Dovunner kruten 2.491 Persounen hier zweet Dosis – a 7.500 Persoune kruten eng drëtt, zousätzlech Dosis. 422.453 Persoune si vollstänneg geimpft.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 an den dräizéng Kläranlage weist eng erhéichte Präsens vum Virus op. Dat ass däitlech ze erkennen. Fir dozou méi ze soen, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsiichteg muss sinn. Passt op Iech op a bleift gesond.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Dernières nouvelles