Schraasseg: D’sanitär Moossname ginn nach emol an d’Verlängerung

D’Zuel u Covid-19-Positive am Prisong zu Schraasseg klëmmt virun. Waren et Enn November nach 23 infizéiert Prisonéier, esou sinn et elo ëm 50 Gefaangener, déi sech ugestach hunn. Weider 90 Persoune setzen a Quarantaine.

Trotz strenge sanitäre Moossname verbessert sech d’Situatioun am CPL net. Eng mobil Ekipp vun der Santé féiert elo ronn 300 PCR-Tester (ëm 200 Prisonéier an 90 Membere vum Personal) duerch, fir ze gesinn wéi vill Positiver tatsächlech am Prisong setzen.

Dernières nouvelles