COVID-19 Booster-Impfung just nach mat Rendez-vous

Am Kampf géint de Coronavirus kënnt et zu e puer Ännerungen. Dovunner sinn déi sougenannte Booster-Impfunge betraff.

Dës haten esou ee Succès, datt si elo nëmmen nach op Rendezvous stattfanne kënnen.

Dobäi heescht et Gedold ze hunn an op den Invitatiounsschreiwes vun der Santé ze waarden. Dorop stinn all weider Demarchen. Eréischt dann, kann ee sech an engem vun den 3 Impfzentren (Victor Hugo, Esch-Belval an Ettelbréck) boostere loossen. Et ass nëmme méiglech, sech déi éischt Impfdosis ouni Rendezvous sprëtzen ze loossen.

Wien soll sech d‘Impfung opfrësche loossen?

Jiddwereen, deen 2 Dosisse Moderna, BioNTech/Pfizer, AstraZeneca kritt huet. An dat am beschte 6 Méint no sengem vollstännegen Impfplang. Oder déi Leit, déi sech nëmmen eemol mam Johnson & Johnson Impfstoff impfe gelooss hunn. Hei soll ee Mount nom vollstännegen Impfschema ofgewaart ginn.

Weider Informatioune fannt Dir hei.

Dernières nouvelles