CovidCheck op der Schaff

CGFP, LCGB an OGBL leede rechtlech Schrëtter an a beméien d‘Verwaltungsgeriicht

Et ass jo bekannt, datt zanter dem 1. November d‘Direkter vun den ëffentleche Verwaltungen dierfe vun hire Mataarbechter ee CovidCheck ofverlaangen, iert dës Zougang zur Aarbechtsplaz kréien. Den onzertifizéierte Selbst-/Schnelltest ass jo net méi méiglech, an esou huet elo déi éischt zolidd Problemer. Beamte setzen sech zur Wier an ënnerhuele juristesch Schrëtter.

Dat war esou virauszegesinn, well de Beamteminister Marc Hansen schéngt sech nach net mam Lëtzebuerger Sozialdialogmodell familiariséiert ze hunn. Dobäi heescht et, datt grad dësen ee vun der groussen Attraktivitéitspunkte vum Land wier. D‘CGFP hat allerdéngs gewarnt, an esouguer en Ultimatum gestallt, mee „déi do Uewen“ hunn zuweilen eng ganz eegen Agenda wat Dialog ugeet.

Et geet heibäi natierlech och ëm déi méiglech Sanktiounen, déi bis zum Aarbechtsplazverloscht féier kënnen, wa wuel nëmmen am Extremfall, an awer. Déi dräi Gewerkschafte verweisen dann nach emol op déi gewoten Ëmsetzung vun de Bestëmmungen hin. Déi masseg Risike betreffend Dateschutz, gi jo vun der Dateschutzkommissioun och gedeelt. An geet et nach d‘Grondrechter…

Fir deem ze begéinen hätt et eng esou einfach wéi onkomplizéiert Léisung – déi wuel e Präisschëld unhänken huet – an dat sinn d‘Schnelltester. Dës sollen de Salariéeë gratis zur Verfügung gestallt ginn. A jo, CGFP, LCGB an OGBL hu matkritt datt sech eppes ukënnegt an si sinn folgerichteg fir d‘Impfung, woubäi et jo net hirer Fieder entsprongen ass, datt d‘Leit dat solle selwer entscheeden.

Wat soen d‘Gesetzer?

D‘Gewerkschaften haten annoncéiert, dës „Obligatioune fir d‘Salariat“ vun (echte) Juristen nach emol duerchliichten ze loossen. Zanter längerem ass jo bekannt, datt d‘Juriste vum Krautmaart, ausser Problemer mat de Foussnouten, och mat der Redaktioun vu Gesetzestexter iwwerfuerdert sinn. Méiglech ass awer och, datt et hinnen extreemst wichteg ass, datt keen dat alles versteet…

An dat lescht Covid19-Gesetz ass, wéi all déi viregt Gesetzer och, weder verständlech nach kann een vu Koherenz schwätzen. Dat kéint elo gewësse Mënschen zumindest den Job kaschten. Eppes vun deem Bettel/Lenert gemengt hunn, dat kéim net a Fro, och wann sech misst am konkrete Fall mam Aarbechtsrecht „arrangéieren“. Dat gesi politesch onofhängeg Affekoten eppes differenzéiert.

No enger éischter Analys duerch déi vun de Gewerkschafte mandatéierte Juristen ergëtt sech, datt wuel net alles mat den iwwergeuerdente Rechtslagen an Normen an Aklang brénge léist. Am Privatsecteur jiddefalls, schéngen sech d‘Entreprisen net op dëst juristesch Spill anzeloossen an a villen ass den 3G-Konzept bäigeluecht ginn. Si hunn et virgezunn de Sozialdialog ze favoriséieren.

Et ass also méiglech, am Dialog mat de Personaldelegatioune praktesch Léisungen ze fannen, statt déi schlecht Stëmmung weider unzeheizen. Wéinst der zweiwelhafter dateschutzrechtlecher Lag, gëtt dann och a ville grousse Betriber op de flächendeckende CovidCheck verzicht. Beim Staat ass dat enger Saach. Et ergëtt sech, datt d‘Politiker vu Verwaltungen a Strukture wéineg wëssen…

Do huet dann elo beispillsweis Strukturen déi direkt ënnert der Opsiicht vum Gesondheets- an/oder Sozialministère stinn, awer scheinbar aus organisatoresche Grënn guer net an der Lag sinn de CovidCheck op der Schaff ëmzesetzen. An anere Beräicher ginn se dofir mat maximaler Rigiditéit duerchgezunn. Et hu scho Leit den Zougang zur Aarbechtsplaz verwiert kritt. Ass dat „Choix“?

Illustratioun: Kritt Lëtzebuerg, dat seng Institutiounen an de Marketing fir d‘Land jo neierdéngs mat engleschen Nimm beleet, elo nei Schëlter fir seng Ministèren a Verwaltungen? © Kelli McKintock

Annex: Gemeinsame Communiqué vu CGFP, LCGB, OGBL (op däitsch)

Dernières nouvelles