CovidCheck an der Stad Lëtzebuerg

Duerch déi nei Ännerungen vum 11. Januar 2022 um Covid-19-Gesetz informéiert d’Stad Lëtzebuerg, datt de CovidCheck a kulturellen Infrastrukturen (Theateren, Cinemathéik, Muséeën, …), am sportlech Beräich (Schwämmen, Äispist, Skaterpark, …) sou wéi bei Evenementer an Aktivitéiten gëllt.

Beim CovidCheck muss entweder e kompletten Impfzertifikat virgewise ginn, deen net méi al ass wéi 6 Méint, respektiv zousätzlech en negative Covid-19-Test gemaach ginn, wann den Impfschema scho viru méi wéi 6 Méint komplettéiert gouf. Akzeptéiert ginn och den Zertifikat vum Booster oder der Genesung, esou laang déi net méi wéi 6 Méint al ass.

D’Moossname gëlle fir all Persounen ab 12 Joer.

Dernières nouvelles