Asaz zu Helsem: Daachstull a Brand

Gëschter am Nomëtteg sinn d‘Pompjeeen vum CGDIS op Helsem geruff ginn. Hei hat en Daachstull vun engem Haus, dat nach am Bau ass, gebrannt. Dobäi bestoung de Risiko vun engem Iwwergräifen vum Feier op d‘Nopeschhaus.

Wéi matgedeelt gouf, konnt d‘Feier schnell ënner Kontroll bruecht ginn, och wann et sech ëm een méi komplizéierten Asaz gehandelt huet. Doduerch datt d‘Isolatioun vum Daach aus kompriméierter Holzfaser bestanen huet, konnte sech d‘Flamen weider ausbreeden.

Daachstull a Brand
© CGDIS

Kuerz no de Läschaarbechten ass den Daach méi genee ënnersicht ginn: Bis an d‘Nuecht eran ass eng Ekipp op der Plaz bliwwen, fir d‘Situatioun am A ze behalen.

Am Asaz waren de CIS Walfer, de CIS Steesel, de CIS Luerenzweiler, de CIS Lëtzebuerg, de CIS Lëntgen an de CIS Biissen, sou wéi eng Ambulanz vum CIS Lëtzebuerg.

Dernières nouvelles