David Bowie: E legendäre Kënschtler mat ville Gesiichter

Sechs Joer ass et hir, datt de Ziggy Stardust sech op de Wee zeréck op de Mars gemaach huet, de Major Tom an de Weltall geflunn ass a mat dëse Konschtfiguren och hire Papp, den David Bowie eis Welt verlooss huet. Och no sengem Dout gehéiert de brittesche Museker zu den aflossräichsten, villsäitegsten a faarwegste Kënschtler, aus dem 21. Joerhonnert.

Den 8. Januar 1947 ass den David Robert Jones zu Brixton (England) op d’Welt komm an huet schonn als jonke Bouf musikalescht Talent gewisen. Dobäi huet hien net nëmmen d’Wierker vun anere Museker opgesuckelt, mee och selwer gesongen an divers Instrumenter geléiert.

A schlussendlech war den Enthusiasmus esou grouss, datt säin éischte Grupp mam Numm „The Konrads“ gegrënnt gouf. Leider hu seng Band-Kolleegen säin enormen Éiergäiz net gedeelt a seng exzentresch Oder net verstanen. Esou koum et, datt de motivéierte Kärel sech op seng Solo-Karriär konzentréiert huet.

Ma, dofir sollt awer ee méi extraen Numm hir. Grond dofir war iwwregens och de Fakt, datt hie gefaart huet mam Sänger Davy Jones vun The Monkees verwiesselt ze ginn. Inspiréiere soll hie sech um Cowboy Jim Bowie aus dem Westernfilm „Alamo“ gelooss hunn – den David Bowie war gebuer!

War d’Welt 1966 nach net prett fir säin éischten Album (och do huet hien natierlech seng geckeg an experimentéierfreedeg Säit erausgelooss), esou hätt hie mat der Verëffentlechung vu „Space Oddity“ (1969) wuel kee besseren Zäitpunkt gerode kënnen. Just e puer Deeg virum Start vun der Apollo 11 huet den David Bowie mat dësem Lidd de fiktiven Astronaut Major Tom an de Weltall geschéckt. D’Wierk huet d’Charts gestiermt an huet dem Museker zum gewënschte Succès verhollef.

E mënschlecht Gesamtkonschtwierk

Den David Bowie war e Meeschter am musikaleschen Experimentéieren, huet vu Pop, iwwert elektronesch Nuancen, hin zu Elementer aus dem Jazz a souguer dem Hip Hop den Tour duerch déi verschidde Genres gemaach.

Dobäi komme seng extravagant Konschtfiguren, déi all hiert eegent Ausgesinn a Wiesen haten. De Verwandlungskënschtler huet Personnage wéi de Ziggy Stardust, Aladdin Sane oder och den Thin White Duke zum Liewen erwächt, konnt sech duerch dës verschidde Rollen ausliewen an e Gesamtkonzept entwéckelen, woubäi d’Grenzen tëscht de Geschlechter a Liewensforme verschwonne sinn. Schliisslech soll de Ziggy Stardust en Ausserierdesche gewiescht sinn.

David Bowie
lénks: De Bowie am ‘Rebel Rebel’-Video (1974) © AVRO (CC BY-SA 3.0) – mëtteg: De Museker am Joer 2002 © Photobra / Adam Bielawski (CC BY-SA 3.0) – riets: Um Rock am Ring Festival 1987 © Elmar J. Lordermann (CC BY-SA 2.0 de)

Laang Zäit huet gouf et de Rumeur, datt den David Bowie zwou verschidden Aefaarwen hätt. Ma, eigentlech ware béid Aen blo, woubäi awer eng Pupill konstant méi grouss war wéi déi aner. Bei enger Kläpperei mat sengem Kolleeg, dem George Underwood, huet hie sech d’Aen esou blesséiert, datt déi lénks Pupill sech geweit an net méi verengt huet.

Säi leschten Alter Ego soll de blanne Prophéit sinn. Den 8. Januar 2016, op sengem 69. Gebuertsdag, ass den Album „Blackstar“ erauskomm. Just zwee Deeg drop huet de Museker, Mann vum Iman Abdulmajid a Papp vun 2 Kanner de Kampf géint de Kriibs verluer – iwwregens um selwechten Dag wéi d’Coco Chanel 45 Joer virdrun.

Dernières nouvelles