D‘Däne stelle fest: d‘Pandemie ass nach do!

Si haten sech dat eppes anescht virgestallt a wuel och erhofft, mee och an Dänemark bereit déi parlamentaresch Gesondheetskommissioun iwwert d‘Reintroduktioun vum Covid19-Zertifikat, d‘Beschränkung vu Gruppegréissten an aner Aschränkunge vun de perséinleche Fräiheeten.

De 6. September hat déi dänesch Regierung d‘Covid19-Pandemie mat engem parlamentaresche Beschloss fir beendegt erkläert. Et wuel hat Stëmme wou gemengt hunn, dat wier eppes gewot. Dänemark huet jo och en Impftaux vun offizielle 85,9%, also en Niveau dee sech och den Duo Bettel/Lenert wënschen. An elo, zwee Méint drop, d‘Infektiounszuele klammen nees exponentiell.

Folgerichteg muss d‘Decisioun vum September nees réckgängeg gemaach an duerch scho bekannt Mesuren ersat ginn. D‘Cheffin Mette Frederiksen huet gëschter annoncéiert, datt d‘Regierung sech nees wënscht eng Majoritéit am Parlament ze fannen, mat där d‘Verflichtung vum Impfzertifikat fir gewëssen Aktivitéiten nees soll a Kraaft gesat ginn. Et ass eigentlech den dänesche CovidCheck.

Et heescht an der Erklärung, datt de CovidCheck ab 200 Persounen an engem geschlossene Raum, ab 2.000 Persounen Open-air zwéngend soll virgeschriwwe ginn. Doriwwer eraus wëll d‘Regierung eng massiv Campagne zur Promotioun vun der 3. Impfdosis lancéieren. Mir notéieren awer och, datt schonn eng 400.000 Dänen hire Boost administréiert kruten. D‘Zoustëmmung schéngt gewëss.

Scholdzouweisungen

Woubäi biergerlech-nationalistesch Parteien (si sinn an der Minoritéit an eigentlech irrelevant) sech vun Ufank géint eng erneit Opnam vun den fräiheetlechen Aschränkunge gewiert hunn. Interessant nach de Constat, datt hei ganz geziilt déi 14% vun den Ongeimpften als d‘Verursaacher vun dëser Situatioun duergestallt ginn. Si wiere schold dat Mënsche mat Virerkrankungen am Spidol landen.

Aus dësem Grond ass et natierlech zwéngend noutwenneg drop hinzeweisen, datt eng Impfung kee Schutz virun enger Infektioun ass an eng Iwwerdroung vu Geimpften zu Geimpften, wéi vu Geimpften zu Ongeimpften an natierlech vun Ongeimpft zu Geimpft, bestoe bleift. Dat eenzegt wat d‘Impfung sollt verhënneren, ass ee schwéiere Verlaf an/oder ee Passage op der Intensivstatioun.

Béis Zonge behaapten elo, datt wann déi politesch Intelligenz berécksiichtegt hätt, datt et wuel eng gutt Iddi wier, och déi Geimpfte weiderhin ze Testen, een elo net op en Neits reagéier misst, mee sech villes hätt kënnen antizipéiere loossen. Wann awer d‘Politik elo amstand wier iergendeppes ze antizipéieren, hätt et wuel keng Klimakris. Leider geet an der Politik ëm Geld an net ëm Léisungen.

mat indymedia/cph

Dernières nouvelles