De Referendum fir eis Kanner!

Mir gesinn, wéi villes an eiser Welt net méi richteg klappt. All Dag kënnt eppes dobäi, wou mir veronséchert ginn an net méi wëssen, wat richteg a wat falsch ass.

A scho laang gëtt sech séier wéineg Gedanken iwwer d‘Wuel vun de Kanner an den Eltere gemaach. Wann déi nei Verfassung esou ugeholl gëtt, wéi virgesinn, da ginn d’Rechter vun den Elteren nach méi geschwächt. An dat wëlle mer net!

Duerfir ass et esou wichteg, dass mer all an eis Gemeng ginn an ënnerschreiwen, datt de Referendum kënnt. Well soss dauert et laang – wann iwwerhaapt – bis datt eis Rechter als Elteren erëmkommen.

Och fir Elengerzéier ass et finanziell bal net drobar, well si ginn ewéi Jonggeselle besteiert an hunn awer Kanner ze ernieren. Scho laang froen si méi Gerechtegkeet a scho laang waarden si drop.

Duerfir liest och den Lieserbréif: „Och d’Kanner brauchen Steiergerechtegkeet.“

An ënnerschreift d‘Petitioun „Schluss mat der steierlecher Diskriminéierung géint Elengerzéier!“

Eist Engagement gëtt iwwerall gefrot: eis Elteren an eis Grousselteren hunn fir eis Fräiheet gekämpft, mir däerfen se net op d’Spill setzen.

De vollstännegen Artikel iwwert de Referendum fir eis Kanner kënnt Dir hei noliesen.

*matgedeelt vu famill.lu

Dernières nouvelles