CGDIS: Hond vum Virdaach gerett

Virgëschter haten d‘Asazkräfte vum CIS Lëtzebuerg en déieresche Virfall. Zur Mëttesstonn huet en Hond vun engem Virdaach vun engem Penthouse misse gerett ginn.

Fir un de pelzege Véierbeener ze kommen ass eng Dréilieder mat Kuerf zum Asaz komm. Wéi de CGDIS matdeelt wier zousätzlech nach eng Baatsch gespaant ginn, falls den Hond wärend dem Rettungsversuch géif erof sprangen.

D’Déierchen konnt glécklecherweis sécher op de Buedem bruecht ginn. Wisou de Mupp um Virdaach festhoung, gouf net mtgedeelt.

Dernières nouvelles