D‘Éisträicher am Gléck: „Goodbye Shorty“

De fréieren éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz, huet sengem Amt vill Éier erwisen an war no wuel berechtegter Kritik zeréckgetrueden. Hien huet och seng Immunitéit verluer a gesäit elo och an, datt eleng seng Presenz op der politescher Bün, senger Partei (ÖVP) an dem Land net gutt bekënnt. Hien huet elo säin Ofschid aus der Politik aktéiert.

Offiziell, jo och ee Récktrëtt wëll orchestréiert sinn, heescht et, datt de Sebastian Kurz der Politik de Réck zouwennt, well d‘Gebuert vu sengem Bouf hien derzou ermontert hätt. Dat huet allerdéngs eppes Auswierkungen, an natierlech kann een näischt ofwaarden, et muss spekuléiert ginn. Esou heescht an de „populäre“ Medien, datt den aktuellen Inneminister Karl Nehammer de Messias ass.

De 50 järege soll laut dem Rauschen am éisträichesche Bliederbësch, engersäits d‘Presidence vun der konservativer ÖVP iwwerhuelen, an zäitno wuel och den Alexander Schallenberg als Kanzler ofléisen. Bis heihinner awer nach näischt festgeluecht, bannent der Vollekspartei huet ee sech den Ament drop konzentréiert, dem Kuerzen d‘Geleeënheet ze ginn, sech wierdeg a nohalteg ze goen…

Goodbye Shorty

An de Sebastian Kurz setzt op den emotionale Charakter vu sengem Récktrëtt. „Fir mech fänkt ee neit Kapitel a mengem Liewen un. Ech freeë mech op d‘Zäit mat mengem Kand a menger Famill, iert ech mech am neie Joer, wäert neie berufflechen Erausfuerderunge stellen“. Dat dierft net ganz schwéier sinn, wien esouvill falsch Hänn gekësst huet, sollt sech keng Gedanke maache mussen.

Natierlech ass him d‘Entscheedung net liicht gefall, mee déi ganz Ufeindungen hunn him och eppes d‘Loscht un der Politik verduerwen. Datt d‘Wirtschafts- a Korruptiounsstaatsanwaltschaft géint de Sebastian Kurz wéinst Falschausso an Verontreiung ermëttelt, kann och eppes Afloss geholl hunn. Elo also en Job als Top-Manager an der Wirtschaft. D‘Verbrieche lount zuweilen awer nach…

mat indymedia/vie

Dernières nouvelles