Buchtipp: Der Funke des Lebens

Wien d’Bicher vun der Autorin Jodie Picoult kennt, weess datt si sech ëmmer mat eeschthaften Themen ausernee setzt. Genee ewéi an dësem Roman – et geet ëm Ofdreiwung an déi ënnerschiddlech Meenungen dozou.

D’Wren ass ee Meedchen am Teenageralter a grad an enger Klinick, ewéi een Amokleefer d’Patienten an Dokteren als Geisel hëlt. Säi Papp, den Hugh ass Polizist a probéiert alles fir säi Meedchen gesond a monter aus der Situatioun ze kréien. Ma wat huet hatt iwwerhaapt an der Klinick gemaach?

Ofdreiwung geet eis alleguerten eppes un, dobäi ass et egal, ob mir selwer betraff sinn oder net. Der Autorin hire Schreifstil ass net nëmmen detailléiert, mee och ausféierlech. Déi ënnerschiddlech Handlungen sinn nozevollzéien, d’Jodie Picoult huet uerdentlech recherchéiert.

D’Buch huet Wendungen, déi een net erwaart. Et reegt zum Nodenken un – an hëlt de Lieser aus senger Komfortzon eraus. D’Recht op Selbstbestëmmung iwwert den eegene Kierper, trëfft op d’Recht ze liewen, d’Relioun an op perséinlech Traumaen.

Wien däerf wat? An huet wéi eng Rechter? Domat befaassen d’Autoritéiten sech well zanter Éiwegkeeten. Et gi verschidde Meenungen – an d’Autorin beléiert eis net. Si léisst all Lieser selwer entscheeden, wourunner hie gleewe soll an op wéi enger Säit hie steet.

Dernières nouvelles