D’Fanta Véier an hiren alleréischte Concert 

Den däitschsproochegen Hip Hop Grupp ëm den Thomas D., Michi Beck, Smudo an Andy gehéiert zu den erfollegräichste Bands vun eisen däitschen Noperen. Virun 33 Joer huet d’Geschicht vun de Fantastischen Vier mat engem éischte Concert op openaner geluechten Europaletten an enger Spillschoul ugefaangen.

Op der wackeleger, selwer zesumme gebauter Bühn stoungen d’Fantas um 7. Juli 1989 an hunn hir Karriär gestart. „Et war eng zimlech improviséiert Bühn […]. Ech stoung mat mengem Tapedeck do an hunn d’Basisbeats ofgefeiert“, sou den And-Ypsilon. Knapp 50 Gäscht hunn um historeschen Optrëtt deelgeholl, deen mëttlerweil als Gebuertsdag vun der Band gëllt.

Déi véier Stuttgarter, déi sech virdrun The Terminal Team genannt hunn, hu sech bewosst dozou entscheet an däitscher Sprooch ze rappen. Virun allem mat „Die da“ sinn si quasi iwwer Nuecht berühmt ginn. Allerdéngs ass hire Succès net bei alle gutt ukomm: Kritiker hu gemengt, datt d’Fantas den Hip-Hop kommerzialiséieren a sech ee Spaass aus der Musek maachen, amplaz sozialkritesch ze agéieren.

Och méi, wéi ee véierels Joerhonnert no hirer Grënnung bleiwen d’Museker sech „Troy“ a bréngen, trotz ausgepräägtem Familljeliewen, hei an do nach ee Lidd eraus, trieden an allen Ecken vun Däitschland – an och zu Lëtzebuerg, op, jo bleiwe standhaft immens sympathesch Kärelen.

Dernières nouvelles