D‘Gemeng Mamer Informéiert

Entspriechend der Aféierung vun neie Funktionalitéiten an déi Mobil Applikatioun CovidCheck.lu, huet d‘Gemeng Mamer decidéiert, ab Freideg dem 10. Dezember de CovidCheck-2G fir alleguerten d‘Manifestatiounen, déi ënnert der Verantwortung vun der Gemeng stattfannen/organiséiert ginn, anzeféieren.

Am Kloertext bedeit dat: datt den Accès zu de genannte Manifestatiounen all deene Leit virbehalen ass, déi entweder ee vollen Impfschema oder d‘Heelung mëttels Zertifikat noweise kënnen. Vun dëser Mesure si Mënschen am Alter ënner 12 Joer an zwee Méint ausgeholl.

Annex: Communiqué vun der Gemeng Mamer

Dernières nouvelles