Digitaliséierung fir eis alleguerten

738
OGBL
© OGBL

Am Kader vun enger Reunioun huet sech den Departement fir Pensionäre vum OGBL am Centre de Formation vun der Chambre des Salariés zu Réimech (CEFOS), mat der politescher Situatioun an der aktueller Sozialpädagogik befaasst.

D’Digitaliséierung sollt nämlech keen virun der Dier stoe loossen.

Dobäi huet den Departement fir Pensionären sech besonnesch den Erausfuerderunge vun der Digitaliséierung fir eeler Mënsche gewidmet. Am Mëttelpunkt vun dëser Diskussioun stoung déi ugestrieften Digitaliséierung am gesamte Gesondheetssecteur. Aus dësem Grond huet den OGBL, de President vum Nationale Gesondheetsfong (CNS) an de President vun E-Health, Christian Oberlé, als Riedner agelueden. Den Departement fir Pensionären ass net géint Verännerungen, warnt awer datt een Deel vun den eelere Leit vun dëse Verännerungen ausgeschloss ginn.

Innovatioun opgrond vun Digitaliséierung esou wéi technologesche Fortschrëtt kann d’Liewensqualitéit verbesseren. Mee dës Changementer mussen un den Alter ugepasst ginn. An der Realitéit muss leider festgestallt ginn, datt eeler Mënschen net esou einfach mam Computer, Tablet oder Handy ëmginn. Dofir musse mir oppassen, dës Mënschen net vun der digitaliséierter Gesellschaft auszeschléissen.

An dësem Kader fuerdert den OGBL, datt ënnerschiddlech Verwaltungsverfaren am administrative Beräich, fir eng gewëssen Zäit an engem duale System – also an elektronescher a Papeierform méiglech bleift. Dës weidere sollt bei der Realisatioun vun den digitalen Demarchen opgepasst ginn, datt eng einfach Notzung méiglech ass.

Dës nei Technologien si geduecht fir d’Liewen ze vereinfachen an ze verbesseren, net fir se méi komplizéiert ze maachen. Keen soll zeréckgelooss ginn, dofir sollen technesch Ënnerstëtzungsstrukture geschaf ginn. Dës weideren sollte gezilte Formatiounen e generatiounsiwwergräifenden Austausch erméiglechen.

Digitaliséierung jo, Ausgrenzung nee.

Den Departement fir Pensionären huet dës weideren op d’Präisentwécklung opmierksam gemaach. Doduerch kënne sech vill Leit, manner leeschten. Ganz besonnesch dovunner betraff sinn Mënschen mat niddregem Akommes. De Gruef tëscht Aarm an Räich wäert sech wuel weider vergréisseren, wann net dréngend Moossname geholl ginn, fir dëser Entwécklung entgéint ze wierken. D’Regierung muss all d’Méiglechkeeten, déi si zur Verfügung hunn, ausnotzen, fir d’Energiepräisser ze stabiliséieren. Eeler Leit mat klenge Pensioune musse virum Aarmutsrisiko geschützt ginn.

Dofir fuerdert den Departement vun de Pensionäre vum OGBL, ënnert anerem datt d’Mindestrent ëm 5 Prozent erhéicht soll ginn. Ausserdeem soll de Joeresennbonus an d’Rent integréiert ginn.

Och deen am Kader vun der Pensiounsreform (2012) Am Kader vun enger Reunioun huet den Departement fir Pensionäre vum OGBL am Centre de Formation vun der Chambre des Salariés zu Réimech (CEFOS), sech mat der politescher Situatioun an der aktueller Sozialpädagogik befaasst. gestrachenen Ausgläich soll ausbezuelt ginn.

*matgedeelt vum OGBL