D’Pirate weise sech besuergt

D’Pirate weise sech besuergt iwwert d’Onwëssenheet vun der Madamm Ministesch Taina Bofferding wat den Asaz vun Null-Stonne-Kontrakter op Gemengen-Niveau ugeet. 

Den 07.02.2022 huet de Sven Clement eng parlamentaresch Fro un d’Inneministesch zum Thema Null-Stonne-Kontrakter an de Maison Relaisë gestallt.

Dës Kontrakter hunn eng Mindestbeschäftgungsdauer vun Null Stonnen, d. h. den Employé muss aktiv ginn, falls den Employeur e Besoin artikuléiert, mee wa keng Aarbecht ufält, ass de Patron net verflicht de Beschäftegten ze bezuelen. Et handelt sech also em en Aarbechtskontrakt, deen den Employé bënnt an dem Patron gläichzäiteg all Fräiheete léisst. D’Aarbechter gi just op d’Stonn remuneréiert a falls si am Krankeschäi sinn oder aus anere Grënn ausfalen, gi si net méi bezuelt an de Patron cotiséiert och net weider fir si.

A senger parlamentarescher Fro wollt de Sven Clement wëssen, ob der Ministesch bekannt ass, dass esou Kontrakter a Maison Relaië vu Gemengen zum Asaz kommen, an huet gefrot, ob si dës Praxis fir sozial gerecht hält. D’Äntwert op d’parlamentaresch Fro léisst drop schléissen, dass d’Inneministesch näischt vun dëse Praktiken weess. Hier wier weder den Terme « Null-Stonne-Kontrakter » bekannt, nach d’Tatsaach, dass Gemengen eegent Personal ënnert den ernimmte Konditiounen agestallt hätten, heescht et an hirer Äntwert.

Leider ass et awer e Fait, dass et Salariéeën a lëtzebuerger Maison Relaie gëtt, déi vun engem Schäfferot mat engem Null-Stonne-Kontrakt agestallt goufen. A grad well esou Astellungen, déi duerch e Schäfferot erfollegen, vun der Inneministesch mussen approuvéiert ginn, ass et méi wéi verwonnerlech, dass d’Madamm Ministesch vun dëse Kontrakter keng Kenntnis soll hunn. Dëst feelend Wëssen iwwert d’Aarbechtskonditiounen um Terrain ass méi wéi besuergneserreegend.De Sven Clement seet heizou:

« Un der Kannerbetreiung dierf net gespuert ginn.

Wa mir motivéiert Personal an de staatleche Maison Relaisen wëllen hunn, da musse mir dëst Personal och gerecht bezuelen a sozial ofsécheren. Lëtzebuerg ass ab dem 28ten Februar offiziell Member vum Mënscherechtsrot. Als Member si mir laut Resolutioun 60/251 verflicht, fir déi héchste Standarde bei Mënscherechter unzewenden.

Ech kann hei also net novollzéien, wéi eng sozialistesch Ministesch esou Kontrakter approuvéiere kann a nach gläichzäiteg seet, si wéist näischt vun esou Aarbechtskonditiounen. Do muss een sech jo d’Fro stellen, ob si hire Ressort villäicht net méi am Grëff huet. »

An och de Starsky Flor, Co-Spriecher vun der Piratepartei, weist sech besuergt iwwert den Asaz vun Null-Stonne-Kontrakter:

« Hautdesdaags schaffen ëmmer méi Läit vu paycheck to paycheck. D’Käschte fir ze wunnen, ze hëtzen an ze liewen ginn ëmmer méi héisch an d’Prekaritéit ass och hei zu Lëtzebuerg, dem räichste Land an Europa, wéinst héijer Verdeelungsongerechtegkeet scho laang ukomm. Dass eis rout Ministesch do net méi Wäert op gerecht Kontrakter an de Gemenge leet a mol net informéiert ass, iwwert d’Detailer vun deene vun hier approuvéierten Astellungen, ass fërmlech e Schlag an d’Gesiicht fir all Betraffenen! » 

D’Piraten fuerderen d’Inneministesch dofir op, Kloerheet an dësen Dossier ze bréngen, d’Unzuel un den existenten Null-Stonne-Kontrakter ze determinéieren an sech de Liewensrealitéiten vun de Betraffene bewosst ze ginn. Doriwwer eraus soll de legale Kader ugepasst ginn, fir sozialgerecht Aarbechtsbedingungen ze schafen an Null-Stonne-Kontrakter ze verbidden.   

*matgedeelt vun de Piraten

Dernières nouvelles