T’ass Dräikinneksdag: Wie kritt d’Kroun?

Esou virsiichteg wéi den Dräikinnekskuch ësst ee wuel seelen Séisses. Ma, wien d’Figur am Banneschte vun der leckerer Bliederdeegkreatioun fënnt, bäisst sech vläicht en Zant aus, gëtt dofir awer och Kinnek, respektiv d’Kinnigin vum Dag. Mee wéi koum et eigentlech zu dëser Traditioun?

De Brauch soll am 5. Joerhonnert viru Christus am ale Roum entstane sinn. Zu Éiere vum Gott Saturn ass all Joer e Volleksfest organiséiert ginn, bei deem de Bounekuch eng ganz besonnesch Roll gespillt huet. Wien nämlech d’Boun fonnt huet, duerft tatsächlech en Dag laang regéieren. Deelhuelen duerften dobäi och Sklaven.

Schliisslech gouf déi réimesch Traditioun mat engem chrëschtleche Fest vereent. Déi Helleg dräi Kinneken goufe vum Stär vu Betlehem bei d’Jesuskëndchen geleet. De 6. Januar sinn de Caspar, Melchior a Balthasar dunn un hirem Zil ukomm an hunn d’Kaddoen iwwerreecht.

Mëttlerweil ass den Dräikinneksdag a ville Regiounen a Länner zum feste Bestanddeel ginn. Do dierf den dozou gehéierege Kuch natierlech net feelen! D’Rezept huet dobäi vill Gesiichter: A Frankräich gëtt d’Galette des Rois aus Bliederdeeg mat Marzipanfëllung zerwéiert, wärend am Süde vu Frankräich e Briochedeeg mat kandéierte Friichte gemaach gëtt.

An der Schwäiz besteet den Dräikinnekskuch aus Heefdeeg, deen d’Form vun enger Blumm aus ville Kugelen huet. De Bolo-Rei gëtt et a Portugal, besteet aus Hiefdeeg mat kandéierte Friichten. D’Spuenier baken de Roscón de Reyes, e Kranz aus Hiefdeeg mat verschidde Fëllungen, wärend a Katalonien d’Tortell de Reis mat Marzipan oder och Schlagsan gefëllt gëtt.

Ma, mir Lëtzebuerger si glëschtereg op eise relativ platte Bliederdeegkuch mat Marzipan. Ob selwer gebak oder kaaft, start mam Uschneide vum Dräikinnekskuch déi séiss Sich no der Figur. Wien ass da bei Iech Kinnek oder Kinnigin ginn?

Dernières nouvelles