D’Schaarschtechbotzer waren op Besuch

Passend zum Joresuffank huet eng kleng Delegatioun vu Schaarschtechbotzer vun der FIESC de Stater Gemengen- a Schäfferot besicht fir vill Gléck am neie Joer ze wënschen.

Ganz a schwaarz gekleet, en Zylinder um Kapp a gëlle Knäpp – un der traditioneller Tenue ass de Schaarschtechbotzer direkt op den éischte Bléck z’erkennen. Och haut nach gëtt dëst aalt Handwierk vu ville geschat a mat Gléck verbonnen. Schliisslech schützt e proppere Kamäin virun uerge Bränn a Vergëftungsgefor am Haus.

Grad am Mëttelalter, wou d’Haiser oft aus Holz waren, konnt esou e Kamäinbrand schnell zu enger riseger Katastroph ginn. Wärend déi eng gefaart hunn, datt de Schaarschtechbotzer e Gesell vum Däiwel wier, hunn anerer sech driwwer gefreet, datt en net nëmmen de Kamäin propper gemaach, mee och béis Geeschter verdriwwen huet.

Dernières nouvelles