D’Sea-Eye 4 am Asaz

No 10 laange Wochen, wou um Rettungsschëff vun der Organisatioun geschafft huet misse ginn, ass et elo esouwäit.

De Sonndegmëtten huet d’Schëff hire fënneften Asaz ugefaangen – dëst ganz am Gedenken un hire verstuerwene Veräinsmember Christoph Fischer.

« Et ass absolut richteg, datt europäesch Regierungen, elo alles maachen, fir de Mënschen an der Ukrain ze hëllefen. Zivil Rettungsinitiative mussen hier Aufgaben awer weiderhin am zentrale Mëttelmier wouerhuelen.

Mir fuerderen d’EU-Staaten dowéinst op, nach den néidege Brochdeel vun den aktuelle Beméiungen opzebréngen, fir och ons sécher Fluchtweeër aus Libyen, Syrien oder Afghanistan ze schafen. Et däerf keng Fro vun der Hierkonft sinn, wann et ëm de Schutz an der EU geet », sot de Gordon Isler, Virsëtzende vun Sea-Eye.

D’Ekipp wäert an de kommende Wochen un der südlecher, europäescher Mieresgrenz Wuecht halen. Dëst ass nämlech déi déidlechst Grenz iwwerhaapt. Et bleift ze hoffen, datt si Gléck hunn a vill Mënsche op der Sich no Schutz retten.

« Mir wënschen iech all een erfollegräichen, humanitären Asaz an datt vill Mënscheliewe gerett kënne ginn, » schreift d’Angelika Fischer, dem Christopher seng Mamm.

Mat der Foto « Een feelt » weist d’Crew kuerz viru Verloosse vu Burriana, hier Trauer.

Dernières nouvelles