D‘Südafrikaner fillen sech am Stach gelooss

Vill Länner hu sech wéinst dem neie Covid19-Variant B.11.529 (Omikron) derzou duerchgerongen, d‘Fluchverbindunge mat Südafrika temporär anzestellen. Dat kënnt fir d‘Mënschen an dësem Land ongeleeën, zudeem ka behaapt ginn datt esouwuel d‘Inzidenz wéi d‘Fallzuelen, sech „halen“ och wann net gewosst ass wéi dës Zuele vun den Autoritéiten ermëttelt ginn.

Fir d‘Südafrikaner ass dës Decisioun eng gréisser wirtschaftlech Katastroph a gëtt deels vun de Leit als Beleidegung opgeholl. Ee vun de Parkwiechter aus der Vilakazi-Strooss, eng vun de beléiftsten Touristenattraktiounen erkläert: „Eis gouf gesot, mir dierften nees en normaalt Liewe féiere wa mir voll geimpft wieren. Mir sinn all voll geimpft, esou wéi et verlaangt war an elo soll alles ophalen?“.

An de Mann huet duerchaus Recht. Si liewe vum Tourismus. Déi europäesch Touriste sinn hei eng wichteg Akommesquell, an ouni wäert et een trauregt fest ginn. Eng Damm hannert hirem Stand mat Souveniren an anerem Tinnef versteet och net, firwat si, déi sech un alles gehale wat hinnen operluecht gouf, elo nees vun der Welt ausgeschloss ginn. Datt alles politesch ass, versteet si net…

Si ass mat hirem Onverständnis a gudder Gesellschaft. De Joe Phalaa, Gesondheetsminister vu Südafrika, hat schonn um Freidegowend, nodeems d‘Annonce gemaach gouf, säin Ierger a Wierder gefaasst. Hien hätt sech Hëllef, oder zumindest eppes Solidaritéit erwaart, statt bestrooft ze ginn. Dat soen déi vill Tour-Operateuren, den Hotel- an Tourismussecteur, déi nees schaffe wëllen och.

Wéini sech dat alles nees arenkt, an op et méiglecherweis och bei eis muss zum Confinement kommen? An der Belsch hu se d‘Chrëschtmäert schonn ofgesot an et dierf een net méi wéi 15 Leit bei sech doheem empfänken. A Frankräich muss jidderee wou B.11.529-Positiv getest gëtt sech a Quarantaine beginn. Bekannt ass am Frankräich bis ewell e Fall, an Däitschland sinn et der zwee.

mat indymedia/jnb

Dernières nouvelles