Covid19: E Réckbléck op d’Woch vum 9. bis de 15. Mee 2022

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech d’lescht Woch 2.704 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn.

Dobäi muss gesot ginn, datt déi net geimpfte Persounen, een zweemol méi grousse Risiko hunn, infizéiert ze ginn. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 37,3 Joer.

Et goufen 9.721 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 10.772 d’Tester, se sinn liicht eropgaangen. 21 Schnelltester ware positiv.

De 15. Mee  goufe 6.232 aktiv Infektioune gemellt, virdru waren et 7.193. Am Ganzen ziele mir 237.577 geheelte Persounen. D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie fir de Moment bei 3 Fäll. D’Altersmoyenne vun de verstuerwene Persoune läit bei 81 Joer.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 0,80 – en ass soumat erofgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 27,82%.

D’Inzidenz läit bei 419 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An der leschter Woch war en op 505/100.000.

An de Spideeler ass d’Situatioun stabil. Et sinn 13 Patienten op der normaler Statioun an 1 Patient gëtt intensiv behandelt.

Impfungen: An der Woch vum 9. bis de 15. Mee gouf am Ganzen 2.475 mol geimpft. Dovunner krute 508 Persounen hier zweet Dosis – an 1.178 Persounen kruten eng drëtt, zousätzlech Dosis. 1.281.267 Persoune sinn vollstänneg geimpft.

Weider Informatioune op www.impfen.lu.

D’Plaz wou sech meeschten ugestach gëtt ass mat 35,0% de Familljekrees. Dono kënnt d’Educatioun mat 10%, d’Reesen mat 9% an d’Fräizäit mat 9%. Den Taux, deen kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 26%.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 an den dräizéng Kläranlage weist eng erhéichte Präsens vum Virus op. Dat ass däitlech ze erkennen, genee ewéi an den zwou leschte Wochen. Fir dozou méi ze soen, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsiichteg muss sinn. Passt op Iech op a bleift gesond.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST-Websäit gekuckt ginn.

Dernières nouvelles