Covid19: E Réckbléck op d’Woch vum 23. bis den 29. Mee 2022

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech d’lescht Woch 1.174 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn.

Dobäi muss gesot ginn, datt déi net geimpfte Persounen, een zweemol méi grousse Risiko hunn, infizéiert ze ginn. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 42,4 Joer.

Et goufen 6.301 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 9.178 d’Tester, se sinn erofgaangen. 16 Schnelltester ware positiv.

Den 22. Mee  goufe 3.302 aktiv Infektioune gemellt, virdru waren et 4.849. Am Ganzen ziele mir 243.555 geheelte Persounen. D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie fir de Moment bei 2 Fäll. D’Altersmoyenne vun de verstuerwene Persoune läit bei 63 Joer.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 0,79 – en ass soumat eropgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 18,63%.

D’Inzidenz läit bei 182 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An de Spideeler ass d’Situatioun e stabil. Et sinn 6 Patienten op der normaler Statioun an 1 Patient gëtt intensiv behandelt.

Impfungen: An der Woch vum 23. bis den 29. Mee gouf am Ganzen 1.721 mol geimpft. Dovunner krute 67 Persounen hier zweet Dosis – an 1.159 Persounen kruten eng drëtt, zousätzlech Dosis. 1.281.267 Persoune sinn vollstänneg geimpft.

Weider Informatioune op www.impfen.lu.

D’Plaz wou sech meeschten ugestach gëtt ass mat 28% de Familljekrees. Dono kënnt d’Educatioun mat 6%, d’Reesen mat 17% an d’Fräizäit mat 7% an d’Aarbecht mat 10%. Den Taux, deen kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 26%.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 an den dräizéng Kläranlage weist eng Präsens vum Virus op, déi net méi esou héich ass, ewéi ufanks. Dat ass däitlech ze erkennen, genee ewéi an den zwou leschte Wochen. Fir dozou méi ze soen, oder ob den Taux erofgeet, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsiichteg muss sinn. Passt op Iech op a bleift gesond.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST-Websäit gekuckt ginn.

Dernières nouvelles