Echter’World Festival am Trifolion

958
Dulce Pontes, Marly Marques

De Kulturzenter Trifolion zu Iechternach luet Iech op ee musikalesche Weekend an. Dëse fënnt de 27. an 28. November ënnert dem CovidCheck statt.

De Freideg, de 27. November verzaubert d‘Dulce Pontes, eng portugisesch Sängerin, Dänzerin a Komponistin, Iech mat hirer Stëmm. Duerch hiert aussergewéinlecht Talent huet d‘Dulce Pontes well mat de gréisste Kënschtler vun der Welt zesummegeschafft a gesongen.

Um Repertoire sti bekannte Lidder vum Ennio Morricone an dem Elis Regina. Dobäi hëlt d‘Sängerin de Spectateur op eng musikalesch Rees a Brasilien mat.

Och de Samschden, de 27. November steet déi portugisesch Kultur mat der Sängerin Carminho esou ewéi dem Marly Marques am Hannergrond. Fir dësen Owend, gëtt d‘Marly Marques vun dräi Jazzmuseker begleet, déi mat hiren Téin sécherlech fir sou munch Héngerhaut suergen.

Weider Informatiounen, esou wéi d‘Tickete fannt Dir hei.