Ee fruuchtegen Intermezzo an der Adventszäit

De Béier-Adventskalenner schléisst säin éischten Drëttel of, a bitt, quasi fir eng Paus anzeleeën, mee virun allem och fir ze weisen, datt alkoholfräie Béier eng ganz apaart Erfarung ka sinn, mam Simon „0,0% Lime & Ginger“ eng Alternativ. Et ass sécher richteg datt ee sech hei wäert musse positionéieren, mee och ouni Alkohol ass a bleift et ee Béier. An et ass ee mat enger gudder Séil…

De Simon „0,0% Lime & Ginger“ vereent all déi gutt Eegenschafte vum Béier, ouni engem de Kapp ze verdréinen, wann een nom Drëtten nach emol zougräife wëll. En ass zudeem liicht a ganz „frësch“ dank eben dem gutt ausbalancéierte bäifüge vu Limett an Ingwer. Dësen alkoholfräie Béier läscht den Duuscht a mécht gutt Laun. De Braumeeschter huet eng ganz gutt Aarbecht geleescht.

Et huet sécher vill domadder ze dinn, datt d‘Simon Brauerei zu Wolz ee Familljebetrib mat enger laanger Traditioun ass, wou de Béier eng zentral Roll spillt. D‘Qualitéit vun den Kären, dem Happ, jo esouguer vum Waasser, alles gëtt hei mat vill Akribie gepréift, iert et „an d‘Dëppe“ kënnt. Dat ass artisanal Braukonscht op héchstem Niveau. An dat gëllt esou natierlech och fir den Alkoholfräien.

De Simon „0,0% Lime & Ginger“ léist sech – an dat schwätzt eigentlech ganz fir hien – net mat de industriellen „0%“ alkoholfräie Béier um Marché vergläichen, wann ee Verglach sollt ugestrieft ginn, esou ass e gehalen sech op een Alkoholfräien aus dem „Handwierk“ ze bezéien. An och dann, kann de Wëlzer sech mat erhuewenem Kapp presentéieren. En ass gutt a „Made in Luxembourg“…

Hien huet et awer och gären eppes méi kill, esou ëm déi 6°C wier eng Richtlinn, am Summer dierf et och „eppes méi kal“ sinn… Op den allermeeschte Béier-Säiten am Netz, kritt dëse Béier ganz gutt Nouten. Zudeem gëtt e masseg kaf, wat jo wuel och, fir d‘Produkt schwätzt. Mir wënschen allen Detenteure vum Béier-Adventskalenner eng flott nei Erfarung mat engem ganz gudde Béier.

Dernières nouvelles