EGMR stäipt dem Journalismus de Réck

Et kënnt net oft vir, datt Zeitunge virum Europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff (EGMR) hiert Recht mussen akloen oder verdeedegen. Gëschter huet déi éisträichesch Zeitung, „der Standard“ eng Victoire géint déi éisträichesch Justiz errongen.

Dës hat sech dem „der Standard“ ugeholl, wëll et Mënschen hat, déi d‘Kommentarfunktioun vun der Zeitung genotzt haten, fir ee „kriteschen Ëmgang“ mat der Persoun vu rietsradikale Politiker Herbert Kickl, haut Chef vun der radikal-populistescher FPÖ, ze fleegen. Et sinn awer och Frënn, Bekannte vum Herbert Kickl a soss rietsextrem ausgeriichte Politiker, hei berécksiichtegt ginn.

EGMR

Elo hunn (dat ass zu Lëtzebuerg och de Fall bei de Leader vum Fräiheetsmarsch an/oder dem stëlle wäisse Marsch) dës ideologesch zweiwelhaft Personnage net gären, wann een der Welt erkläert wat si sinn. Si hunn op Verleumdung geklot, an d‘Zeitung ass opgefuerdert ginn, d‘Notzerdate vun de „Kommentatoren“ erauszeginn. Dat huet d‘Zeitung net agesinn, gouf dann och zolidd verurteelt.

Dat huet dunn den EGMR op de Plang geruff, an hei haten d‘Riichter eng differenzéiert Positioun géintiwwer den nationale Riichter an der Alperepublik. Laut Artikel 10 vun der europäescher Mënscherechtskonventioun, stellt dat awer eng Verletzung vum Recht op Meenungsfräiheet. An déi stellt bekanntlech en zentrale Bestanddeel vun enger demokratescher Gesellschaft duer, also nach.

EGMR

Elo huet den EGMR awer notéiert, datt gewësse Commentaire ënnert aller Sau an diffaméierend waren, een dës awer weder als Haassrieden, nach als Opruff zur Gewalt ka bewäerten. Si hätten sech an de Jalone vun zoulässege Wäerturteeler beweegt. Déi éisträichesch Riichter an d‘Justiz haten argumentéiert, datt Notzerdaten net dem Redaktiounsgeheimnis ënnerleien. Dat goung net op.

mat indymedia/sxb/vie

Annex:

Dernières nouvelles