„Elfen“ – E bluddegt Chrëschtdagsfest op Netflix

Denkt ee beim Wuert „Elfen“ a Verbindung mat de wanterleche Feierdeeg un déi kleng Wichtel-ähnlech Gesellen vum Kleeschen, esou gëtt ee bei dëser dänescher Netflix-Serie enges Besserem beléiert. D’Wierk, dat am Original „Nisser“ heescht an den 28. November 2021 erauskoum, dréit ëm grujeleg Bëschelfen, mysteriéis Eenheemecher an eng Famill, déi hir Vakanzendestinatioun nach batter bereie wäert.

D’Eltere Mads a Charlotte hunn nämlech decidéiert, mat hire Kanner Josefine a Kasper iwwert d’Feierdeeg op der entleeëner Insel Armand verbréngen ze wëllen an esou d’Zäit zesummen ze genéissen. En Deel vun der Insel ass allerdéngs ofgespaart, reegelméisseg gi Kéi als Opfergaben erabruecht a vun den onheemleche Kreaturen zerfleescht.

Iwwert eng Privatstrooss wëll d’Famill bei d’Vakanzewunneg fueren, iwwerrennt awer dobäi eppes. Schwaarze pechege Schmorri drëpst de Parechoc erof, a bemol kënnt en Eenheemechen, dee si verdreiwe wëll. Generell kënnt d’Vollek op der Insel immens awergleeweg a rätselhaft eriwwer – iergendeppes hu si ze verheemlechen.

D’Josefine ass ee virwëtzegt Meedchen a mécht schliisslech en Entdeckungstour. Wou hatt bis de blesséierten Elf fënnt, decidéiert et e mat an d’Scheier beim Haus ze huelen, en do ze verpléischteren an ëm ze iessen ze ginn. Dobäi gewënnt et d’Vertraue vun dësem Wiese mat de risegen Aen, zum Mëssfale vun der Bevëlkerung.

Zum Wuel vum ganze Vollek entféiert e Bewunner de Bëschelf a bréngt en an den ofgespaarte Beräich. Ma, dat jonkt Meedchen fäert, datt d’Elfen do a Gefaangenschaft gehale ginn a wëll se befreien. Eemol um Terrain ukomm muss hatt awer feststellen, datt alles anescht ass, wéi hatt gemengt huet. E bluddegt Fest erwaart d’Inselbewunner.

Eng Serie, déi an der Kritik steet

Fir Persounen, déi no engem harmonescht Chrëschtdagsfest voller Léift verlaangen, dofir awer mat Horror a Fantasy wéineg ufänke kënnen, ass dës Serie net grad geduecht. Fir all déi aner Serien-Junkies ass et wéi bei villem aneren och: Entweder et huet een „Elfen“ gär, oder eben net.

Dës Serie gëtt vu Kritiker mat „Krampus“ an de „Gremlins“ verglach. Déi wanterlech-feierlech Ambiance géif domat zerstéiert ginn an d’Produzenten hätten de Spannungsniveau relativ niddreg gehalen.

Ma, ech fannen den Hannergrond vu Mënsch an Natur, déi a Feindschaft zouenee liewen relativ interessant. Nodeems d’Bëscher an domat och d’Ëmwelt op dëser Insel nämlech mat eise Maschinnen zerstéiert goufen, wiert d’Natur sech. Et hofft ee laang, datt d’Verbindung tëscht dem Josefine an dem Bëschelf, deen hatt rett, fir en Happy End suergen.

Huet ee bis ugefaangen ze kucken, dann huet d’Serie eigentlech och d’Längt vun engem normale Film a kann ënnerhalb vun engem Owend komplett gekuckt ginn. „Elfen“ besteet aus 6 Folgen déi jeeweils ëm 25 Minutten daueren.

D’Iddi zur dänescher Serie koum iwwregens nees vum Jannik Tai Mosholt a Christian Potalivo, déi sech schonn 2018 „The Rain“ ausgeduecht. Ufanks krute si an hirer Heemecht dofir enorm negativ Kritik, dunn awer koum den internationalen Erfolleg. No „Elfen“ schaffe si elo un der Mini-Serie „Chosen“, déi dem Stil vun hiren zwee anere Wierker trei bleiwe wäert.

Dernières nouvelles