En Dokumentarfilm zum Internationale Männerdag

De Mëttwoch 17. November um 19 Auer gëtt am Kinosch (Kulturfabrik) den Documentaire „Les mâles du siècle“ vum Laurent Metterie a Camille Froidevaux-Metterie gewisen.

An dësem Dokumentarfilm beschäftegen sech d‘Auteure mat der Fro, wat de Feminismus de Männer ugedoen huet (oder och net). Si hunn Temoignage vun enge ronn drësseg Männer vun allen Altersklassen an aus alle soziale Schichten opgeholl. Et goung hir Perceptioun vun de Fraen, hirer Roll an der Gesellschaft, der Famill oder an der Bezéiung. Si sinn iwwert hir Erfarungen als Männer an hirem Beholl géintiwwer der Fra befrot ginn.

Et ass ee Momentum vun eiser Gesellschaft, hirer Entwécklung an et ka Piste liwweren, déi eis weise wouhinner d‘rees geet oder goe kéint. Dofir gëtt et uschléissend un de Film eng Diskussiounsronn mat de Vertrieder vun der Asbl infoMann (actTogether). D‘Stad Esch bitt zum Ofschloss vum Owend eng kleng Receptioun un.

Informatioun

  • Den Event fënnt ënnert dem CovidCheck-Regime statt
  • Den Event ass gratis, mee et muss sech bis de 17 November 12 Auer ënnert dem Telefon 2754 5910 oder mëttels enger eMail un egalitedeschances@villeesch.lu seng Plaz reservéieren.
  • De Film ass a franséischer Sprooch an dauert 1 Stonn, 37 Minutten
Dernières nouvelles