En interessante Marcheur

Nodeems et Beméiungen huet eis als Befeelsempfänger vun der Regierung ofzestempelen, ass et un der Zäit emol ee Portrait vun engem vun de Leader hanner dem Mouvement „Marche Blanche Silencieuse“ (MBS) ze zeechnen. Den Imhotep Vladmir Ben Moubamba, ex-Politiker aus dem Gabun, ass ee Personnage mat ville Gesichter, firwat ee sollt wësse mat wiem een hei ze dinn huet.

Als Bruno Ben Moubamba de 4. Januar 1967 zu Libreville gebuer, huet den haitege President vun der Allianz fir de Changement an den Renouveau (politesch Partei) a President vun der Stëftung Theopolis, et sengerzäit no enger strammer kathoulescher Erzéiung an engem beweegte Parcours duerch franséisch Héichschoulen (hien huet philosophesch a politesch Wëssenschafte studéiert) seng berufflech Carrière als Journalist bei „Africa N°1“ an du bei „Radio Soleil“ an Ugrëff geholl.

Dat war am Joer 1997, dat Joer wou hien och d‘Stëftung Theopolis grënnt huet. Ab 1999 war hien ee fervente Kämpfer vun der kathoulescher Kierch, a soll 1999 zur Grënnung vum engem Radio mat kathoulesch-ideologescher Ausriichtung bäigedroen hunn. Hien huet bis an den Ufank vum neie Millenium vill tëscht dem Gabun a Frankräich hin an hir gewiesselt. Och am Frankräich huet de „Journalist“ quasi exklusiv fir kierchlech Medie geschafft. 2009 gëtt de Mann zum Politiker.

De Ben Moubamba huet sech a sengem Land als Onofhängege Kandidat fir d‘Presidence opgestallt wou him ganzer 0,3% Stëmmen zougedroe goufen. Et hat deemools 18 Kandidaten an d‘Campagne war éischter krätzeg. Si huet sech eenzeg op Beschëllegunge bezunn, déi bis haut net no ze weise sinn. Hien huet dat gemaach wat sech imposéiert huet: als éischt gouf Walbedruch gejaut an du vum 15. bis 30 August virun der Nationaler Assemblée en Hongerstreik ofgehalen. Eng gelongene Coup.

MBS

Vun do un wousst all Mënsch am Gabun wien de Ben Moubamba ass. 2010 dann, huet de politesch onofhängege Journalist a Kierchegänger mat de fréieren Dirigente vun der demokratescher Partei vum Gabun (PDG), déi an d‘Oppositioun gewiesselt haten, eng nei Partei gegrënnt. De Sekretär vun dësem Veräin huet sengersäits d‘Victoire vun de Presidentschaftswale reklaméiert a sech selwer zum am Januar 2011 zum President ernannt. De Ben Moubamba gouf ënnert him Ausseminister.

De Ben Moubamba ass net vun der Heck gepléckt an als „Journalist“ huet ee eng Nues fir komplex Situatiounen entwéckelt. Hien huet seng Demissioun am August 2011 agereecht, kuerz iert déi demokratesch Gewielte Regierung, déi „parallel“ agéierend National Unioun opgeléist huet. Seng politesch Ambitiounen huet hien net opginn, an ass am Januar der „Unioun vum Vollek vum Gabun (UPG). Am Abrëll gëtt hien zum President vun der Partei gewielt an huet sech nees Opgestallt.

Bei de Presidentschaftswale vum August 2016, erreecht hir Plaz dräi a gëtt vum neie President Emmanuel Issoze-Ngondet zum Vize-Premierminister, Minister fir Urbanismus a soziale Logement mat an d‘Regierung geholl. An dëser Fonctioun huet sech de mann allerdéngs net vill Frënn gemaach. Am August 2017 gëtt hien nach emol matgeholl, allerdéngs nach just als Staatsminister. Op Facebook fänkt de Ben Moubamba un vu sech an der drëtter Persoun ze schwätzen. (WTF?)

Wat ass seng Verbindung mat Lëtzebuerg?

De lëschtege Politiker huet sech am Juli 2020 vun der kathoulescher Kierch lassgesot an ass bei déi orthodoxesch Phalanx iwwergaangen. Wéini genee de Ben Moubamba sech zu Lëtzebuerg néiergelooss huet, léisst sech net mat Sécherheet soen, et ass awer gewosst, firwat hien sech net am Frankräich, wou een hien elo éischter am Exil gesinn hätt. Jo „Exil“ ass den Terme deen dierf genotzt ginn, och wann de Mann vu sech behaapt nach ëmmer politesch am Gabun aktiv ze sinn.

A senge Posts op Facebook geet den Imhotep Vladmir Ben Moubamba, eppes kritesch mat der franséischer Politik (Schwéierpunkt Emmanuel Macron) ëm. Hien huet sech awer och eng kritesch Oder am Ëmgang mat der Lëtzebuerger Politik a an de Legiferatioun vun der Regierung fonnt an et huet de Uschäin, wéi wann d‘Unhänger vun der MBS him géife vill nationalpolitesch Kompetenz zouschreiwen. Datt hien am Gabun vun de politeschen Aktivitéiten ausgeschloss gouf: en Atout?

Wat de Mann de Mann zu Lëtzebuerg schafft ass net gewosst. Laut sengem Linkedin-Account ass hien „Permanente Journalist vum Theopolis Institute“. Op eis Ufroen zur Persoun Moubamba an sengen Aktivitéite beim Institut schéngt dës kathoulesch Institutioun net äntweren ze wëllen, wat nees zu Spekulatioune betreffend dem journalistesch Komerod féiert. Hie verdeedegt zudeem de Fait, datt et kee Gesetz géint Verschwierungstheorie gëtt. An dat Mann gëllt doranner als Expert…

Esouwäit dann emol de Profil vun engem dee virgeet, ee vun de Käpp hannert der Marche Blanche Silencieuse ze sinn. Et bestätegt awer och d‘Ausso am Communiqué „de Mouvement besteet aus Mënsche mat ënnerschiddlechen Hannergrënn“. Dat geet wuel nach net wierklech duer fir ze soen, datt et net verwonnert dat reliéis Fanatiker a rietsradikal „Elementer“ sech ideologesch nostinn, mee Unhand de gewollt provokativer Approche géintiwwer der heemescher Press, ass wuel eng drun.

mam Elaysa Mihindou, indymedia/lbv

Foto (Archivbild): De „Journalist“ Ben Moubamba ass aktuell nach ëmmer politesch Aktiv an huet angeblech nach aktiv Funktioune bannent der Partei ACR. Wat seng politesch Ambitiounen hei am Land betrëfft, well hie sech net äusseren. © ACR

Dernières nouvelles