Déi Europäesch Unioun kritt en neit Sanktiounsinstrument

Wien sech an Entscheedunge vun der EU an/oder Memberlänner amëscht soll zukünfteg direkt vu Bréissel kënne sanktionéiert ginn

Dee fir d‘Aussepolitik zoustännege Vizepresident vun der EU-Kommissioun, Valdis Dombrovskis (Lettland, Konservativ, Hardliner, EVP) huet gëschter erkläert, datt den Toun an der internationaler Politik méi rau ginn ass. Dat ass interessant, wëll den Donald Trump ass scho bal ee ganzt Joer vun der Bildfläch geholl ginn. Mee gutt, et ass Politik a keng Course…

Trotzdeem muss e begréissen, datt no 20 Joer Brandstëftung, Bedeelegung u sënnfräien, mee fir de Militärkomplex ganz lukrative Konflikter, d‘Schafe vu Flucht- a Migratiounsgrënn, déi elo och zu Bréissel erwächt sinn, a ganz erstaunt feststellen, datt et ëmmer méi Konflikter gëtt. Déi kann dës Kommissioun och mat der Hëllef vum EU-Parlament net léisen, et huet jo och eegen Interessen.

A fir genee dës Interessen ze verdeedegen, huet sech déi vu Lobbyisten an Technokrate geleeten EU-Kommissioun elo nei Instrumenter ginn, vun deenen sech erhofft gëtt, datt se weltwäit kéinte Wierkung bréngen. Spoiler: et geet an éischter Linn drëms sech der US-Aussepolitik – déi jo elo nees EU-frëndlech ass – unzepasse mee natierlech och den Uschäi vun Zesummenhalt ze woren.

E Beispill…

Obwuel China als bëllege Produktiounsstanduert fir d‘EU-Konsumente benéidegt gëtt, obwuel China fir déi europäesch Automobilindustrie ee wichtegen Ofsazmaart ass, an obwuel een aus niddrege politesche Grënn just der Form hallwer d‘Mënscherechter „questionéiert“ et kënnt hei ëmmer nees zum Sträit, wëll net jidderee mécht, wat d‘Handelsmuecht China vun him verlaangt.

Am Juli, hat Litauen der Regierung vun Taiwan erlaabt eng Ambassade zu Vilnius opzemaachen. Taiwan, en Inselstaat, deen net vun de Vereenten Natiounen unerkannt, an och soss net vu Länner als „Natioun“ respektéiert gëtt, gëtt vu Peking als Deel vum kommunistesche China – also enger Diktatur – gesinn, firwat all Land dat mat Taiwan Bezéiungen ënnerhält schaarf sanktionéiert gëtt.

Hei mat Litauen haten d‘Chinesen ee liicht Spill: si hu Litauen erkläert datt si hir Ambassade zu Peking net méi brauchen an den Ambassadeur anerwäerts asetze sollen. De Gidderzuchverkéier gouf ugehalen a Litauen huet d‘Autorisatioun zur Aféierung vu Liewensmëttel entzu kritt. Vun der Kommissioun hat et sengerzäit elo net wierklech „Protest“ ginn, et war jo just Litaue betraff.

Et war jo och eng verréckt Iddi, dat mat der taiwanescher Ambassade. Lëtzebuerg géif esou eppes ni riskéieren, d‘Finanzplaz huet sech längst Peking ënnerworf, dat awer och eenzeg aus eigentlech Grënn déi Kommuniste sollte friem sinn. Eng Politik déi eist Land mëttlerweil och erfollegräich am Noen Osten ëmsetzt. Mënscherechter a Finanz mussen engem gewëssenen Equiliber entspriechen.

Elo ofschrecken…

Zu Bréissel huet ee sech dann awer elo zu Mesuren duerchgerongen, also villméi derzou entscheet, sech wéinstens an der Theorie Instrumenter ze ginn, fir engem wéi uewe beschriwwene Beholl vun engem „Drëttland“ mat wäitreechende Vergeltungsmoossnamen ze begéinen. Heit gëtt un esou drastesch Mesure wéi Importaschränkungen an Investitiounsstopp (am) betraffene Land) geduecht.

Firwat net an der ganzer Unioun, also dem europäesche Bannemaart? Ma well et ëm Politik geet, Politik eegen Interesse verfollegt a d‘Wirtschaft muss zefriddegestallt ginn, well och eng Carrière zu Bréissel ass zäitlech begrenzt. Et wier och gewot ze behaapten, datt de Vizepresident Valdis Dombrovskis vu selwer op esou ee Gedanke komm wier, de Grand läit ganz anzwousch anescht.

Sanktiounsinstrument

An enger gemeinsamer Erklärung (Februar 2021) haten sech jo EU-Parlament an EU-Rot esou Instrumenter gewënscht, an et dierft elo net manner interessant sinn an Erfarung ze bréngen, ob dës vum Valdis Dombrovskis proposéiert Mëttel bei den „Demandeuren“ zur Satisfaktioun gereecht. Et misst en dann awer „exklusiv national Kompetenzen“ u Bréissel oftrieden, wat problematesch ass.

Zum enge setzen sech bannent der europäescher Famill, ëmmer méi populistesch bis carrement faschistesch Ideologien duerch. Ee politesche Wiessel dee massiv vun der konservativer EVP an hiren identitäre „Frënn“ am EU-Parlament gedroen, jo gefërdert gëtt. Zum aneren, iwwerweit an der EU den Nationalismus bannent de Landesparlamenter. An ganz ouni Risiko ass dat Alles och net.

Check it out Baby…

Gi mer emol dovunner aus, datt d‘Memberlänner sech géife fir dem Valdis Dombrovskis seng scho verständlech Propos entscheeden an dat trëtt a Kraaft. Et ass gewosst, datt bezunn op den aktuelle Kontext vun der Weltpolitik, d‘Russen an d‘Chinese kéinten ermontert sinn ze testen, wéi gutt dëst „Instrument“ bespillt ka ginn. Da geet et wuel net méi duer ze dreeën an grouss Spréch ze klappen.

Europa ass schwaach – wat an éischter Linn korrupte Politiker an iwwermächtege Lobbygruppe geschëlt ass – huet sech um internationalen Niveau, dank esou duerchsetzungsfäeg Acteure wéi de Josep Borrell Fontelles, Charles Michel a leider och Ursula von der Leyen, méi blaméiert wéi ervirgedoen. Zudeem leeft wéinst de Pandemie an der Unioun zimmlech alles aus dem Rudder.

Bleift nach zur Vollstännegkeet den Hiwäis dorobber ze ginn, datt dës Propos op enger ëffentlecher Consultatioun bannent der Europäescher Unioun berout. Nee d‘Awänn an/oder Propose vun de Bierger déi ee méiglecherweis kéint hätten erreecht hunn waren net gefrot. Et gouf sech just op d‘Virschléi vun der Industrie a Wirtschaft konzentréiert. Et kann een net all Meenung mathuelen…

mat indymedia/bru

Dernières nouvelles