Sea-Eye: Endlech gutt Nouvelle vun der Séinoutrettungsfront

De 16. Dezember goufen et 2 Rettungen mat 126 Iwwerliewenden, en Dag drop goufe bei zwee weideren Asätz nach emol 97 Mënsche gerett. Op der Sich no engem sécheren Hafen, konnt d’Crew vun der SEA-EYE 4 eng ganz Woch op positiv Nouvelle waarden. „Net emol zur Chrëschtdagszäit erënnert sech d’EU u seng Wäerter“, schreift d’Ekipp.

Zu Pozzallo, enger Stad a Sizilien (Italien) dierfen déi Iwwerliewend haut u Land goen. Ënnerhalb vun de 7 Deeg, wou op eng Äntwert vun den EU-Staate gewaart misst ginn, hu 4 medezinesch Evakuéierunge stattfonnt, well d’Blessuren ze schlëmm waren.

Endlech gutt Nouvelle vun der Séinoutrettungsfront
sea-eye / Twitter

Vill vun de Mënschen, déi bei de 4 Asätz gerett goufen, hu gebrache Schanken, weise schwéier Verbrennungen op an ee klenge Jong konnt emol net méi goen. Ënnert den 29 Fraen, waren der 7 schwanger.

Endlech gutt Nouvelle vun der Séinoutrettungsfront
Gorden Isler / Twitter

„Op der enger Säit sinn ech dankbar datt d’SEA-EYE 4 nee esou vill Mënschen gerett huet. Gläichzäiteg ass et just schwéier ze erdroen, datt mir unhuele mussen datt iwwerhaapt keng Hëllef fir verschidde Booter koum, déi a Gefor sinn. D’Kapazitéite vun der ziviller Séinoutrettung si wichteg, mee och begrenzt“, sou d’Sophie Weidenhiller, Spriecherin vu Sea-Eye e.V.

Dernières nouvelles