D‘ALEBA hätt eng Propose zum CovidCheck

Wärend dës Woch d‘Tripartite, also: Regierung, Patronat an déi representativ Gewerkschafte CGFP, LCGB an OGBL, sech iwwert déi envisagéiert Mesuren zur Impfbereetschaft ënnerhalen, gëtt hei iwwersinn, datt et och nach sougenannt „Sparte-Gewerkschaften“ huet, déi och wëlle gehéiert ginn.

Dat trëfft op d‘Gewerkschaft vun de Beschäftegten am Banken- a Versécherungssecteur (ALEBA) zou. Si notéiert dann och, datt d‘3G-Reegel d‘Patrone wéi d‘Salariéeë virun eng Erausfuerderung stellt. Si stellt sech awer och d‘Fro (wuel well d‘Regierung de Leit jo obstinement de Choix léist ouni dësen, wann et net hiren ass, ze respektéieren): „Wéi eng Léisungen huet et fir Mënschen déi sech net wëllen impfe loossen?“. Déi solle jo all Dag op der Schaff en zertifiéierten Test virweisen.

Vun der ALEBA dozou eng Propos: Et soll dem Salarié, wou kee gültege CovidCheck virleeën elo eng Alternativ a Form vu Télétravail ugebuede ginn. An hirem Secteur wuel eng Optioun déi net abweegeg ass, mee natierlech och esou seng Kritikpunkten enthält. Et kéint ee beispillsweis mam Argument vun der Sonnerbehandlung kommen an d‘Gläichbehandlung vun den Employéeën op de Leescht huelen. Firwat sollte geimpfter mussen am Büro erschéngen, wärend déi aner doheem sinn?

Eng Fro déi just rhetoresch valabel ass – zumindest am aktuelle pandemesche Kontext – well jo och d‘Politik den Télétravail iwwerall do recommandéiert, wou dëse méiglech ass. An wat politesch als Recommandatioun dohier kënnt, dierf däitlech als Opfuerderung verstane ginn. Elo ass ee bei der ALEBA méi generell un enger Extensioun vum Télétravail interesséiert. Dësen huet jo nach vill aner Avantagen, wéi déi Geimpft vun den Ongeimpften ze trennen. An Accorden huet zuweilen och.

Géint de Frust a fir d‘Ëmwelt

Datt d‘ALEBA zu Recht an dësem Kontext drop hiweist, datt den Télétravail an enger sech ëmmer méi verännerender Gesellschaft lues awer sécher wäert behaapten, ass net oninteressant. Grad fir déi grouss Majoritéit vun de Salariéeën aus dem Banken- a Versécherungssecteur, déi an der Stad schaffen an aus der Grenzgebitt bei eis op Schaff komme mussen, wier den Télétravail och ouni de pandemesche Kontext ee Plus. Sécherlech brauch et dofir ee legale Kader, firwat et nach dauert…

En attendant, sollt een dierfen zeréckbehalen, datt ee jo an de leschten zwee Joer vill Erfarung am Beräich Télétravail sollt gesammelt hunn. Den Entreprisen, grad an engem Secteur wou erwisen ass, datt et dank den neien Technologie méiglech ass, sollt een dës „Optioun“ noleeën. D‘Leit si manner gestresst an et géif sech esouguer positiv op d‘Klimabilanz allgemeng, mee grad eben och fir de Secteur selwer, dee jo mat der „grénger Finanz“ als resilient an nohalteg gëllt, auswierken.

Ee valabelt Argument. D‘Regierung dierf héich erfreet sinn, datt d‘ALEBA net mat um Dësch sëtzt, well gläichzäiteg iwwert den Télétravail de Leit tatsächlech de Choix vun der Impfung ze loossen an eppes am Sënn vun den eegene Klimaambitiounen ze leeschten, kéim der Politiséierung vun der Quadratur vum Krees gläich. Gléck vir d‘Regierung Bettel: si kënnen argumentéieren, datt een kee Secteur dierf anere géintiwwer avantagéieren. A well mir all Deel vun der Léisung sinn…

Dernières nouvelles