Erfollegräich Asätz fir d’Schnoffelnuese vun der Douane

Ee Kilogramm Kokain an 29 Kugele vum wäisse Polver, déi fäerdeg fir de Verkaf waren – dat ass d’Resultat vun zwee Asätz vun den Drogespierhënn vun der Douane.

Dobäi konnt d’Anti-Drogen-Inspektioun Mëtt November eng Persoun iwwerféieren, déi dobäi war e Pak vum Rauschgëft vun Holland an Däitschland ze transportéieren. Heibäi war de Kuréier mat engem Gefier ënnerwee, dat bei eisen däitschen Noperen zougelooss ass.

E weidere klenge Coup géint d’Drogekriminalitéit ass Mëtt Dezember gelongen. Déi pelzeg Spiernues Balto huet bei enger Routineskontroll gewisen, wat säi Gerochssënn hiergëtt an dobäi en Dealer gefaasst. De Kokain, den en a fäerdege Kugelen u sengem Kierper verstoppt huet, sinn dem Hond net entgaangen.

D’Wueren an all aner verdächteg Utensilien goufe beschlagnaamt, béid Persoune festgeholl an engem Ënnersichungsriichter virgefouert. Aus ermëttlungstechnesche Grënn duerften dës Nouvellen elo eréischt matgedeelt ginn.

Dernières nouvelles