Diversitéit a Multikulturalitéit si wichteg Sailen, op déi sech am Kader vun der Europäescher Kulturhaaptstad fokusséiert soll ginn. Passend heizou hu Luxair an Esch2022 sech zesummegedoen, fir mat der Lëtzebuerger Artistin Lynn Cosyn ee richteg grousse Projet ze lancéieren: Hir Illustratiounen sinn elo ob enger Boeing 737-800 ze gesinn.
Et ass eng nei Aventure, betount d’Nancy Braun, Generaldirektesch vun Esch2022. Net nëmmen d’Minettsstad selwer, mee och d’Transportweeër- a mëttel bis dohin solle richteg an Zeen gesat ginn. D’Lynn Cosyn hätt selwer ni domat gerechent am August en Telefon vun der Luxair, an domat och een eenzegaartegen Optrag ze kréien.
Wärend 5 Wochen huet d’Illustratorin hiert ganzt Kënnen ënnert Beweis gestallt, digital Wierker erstallt an dës goufe schliisslech op de Fliger iwwerdroen. Dobäi geet et net ëm eng Reklamm, mee ëm Emotiounen, erkläert de Gilles Feith, CEO vu Luxair. D’Aspekter vun der Diversitéit a Multikulturalitéit huet d’Artistin perfekt eriwwerbruecht an esou fënnt all Persoun, sief déi um Buedem oder och Passagéier vun der Maschinn, sech am Wierk erëm.
Ëm 60 Destinatiounen, dorënner och Dubai (mat Bléck op d’Weltausstellung) ginn uviséiert an domat och de Message vun Esch2022 duerch d’Welt gedroen.
Den éischte Fluch am konterbonden Design wäert de Fliger e Samschdeg, de 27. November untrieden. Besonnesch déi sougenannt „Planespotter“ an all interesséiert Persoun ka géint 13:10 Auer d’Spektiv zécken an no der faarwefroue Maschinn kucken. Dës Kéier goufen iwwregens och d’Flilleke sou wéi am Banneraum d’Kappstëtzen an Zeen gesat, sou datt de Passagéier wärend dem Fluch an de volle Genoss vum Lynn Cosyn sengem Wierk komme kann.