Et dierf komponéiert ginn!

Nodeems den 18. Mäerz 2021 en Appell u Lëtzebuerger Komponisten a Komponistinnen, respektiv déijéineg déi hei am Land Resident sinn, erausgaangen ass, sinn 23 Dossieren agereecht ginn, wouvun elo 9 musikalesch Schöpfer den Optrag kruten.

Zesumme mat hire Partner – den Orchester an Ensembelen – huet de Kulturministère déi verschidden Dossieren ausgewäert. Eenzeg Virgab fir d’Komponisten war et, e Stéck vun op mannst 8 Minutten fir de jeeweilege Grupp ze kreéieren.

Ma, déi Auserwielten an den Orchester, respektiv Ensembel, kréien heivir am Ganze 60.000 € (ouni TVA) vum Kulturministère zur Verfügung gestallt.

Ausgewielt goufen:

  • De Marc Desorbay fir d’Lëtzebuerger Militärmusek
  • De Marco Pütz fir de Luxembourg Wind Orchestra
  • De Gilles Noesen fir de Lëtzebuerger Jazz Orchester
  • D’Caroline Mirkes fir Ars Nova Lux
  • Den Olivier Dartevelle fir d’Lëtzebuerger Europäesch Solisten
  • De Gast Waltzing fir United Instruments of Lucilin
  • Den Nik Bohnenberger fir Kammerata Luxembourg
  • Den David Ascani fir de Lëtzebuerger Kammerorchester
  • De Luc Grethen fir den OPL
Dernières nouvelles