D’Ikon vum Soul, Blues an R&B: An Erënnerung un d’Etta James

Vill Duerchsetzungsverméigen, nach méi Talent a Chance – dat schéngt fir d’Etta James d’Rezept vum weltwäite musikaleschen Erfolleg gewiescht ze sinn. Och haut nach gehéiert hir Versioun vun „At Last!“ zu de ganz groussen a bekanntste Wierker am Beräich Soul a Blues.

Hat d’Schicksal et ufanks net gutt mam Jamesetta Hawkins gemengt, esou hat dat talentéiert Meedchen Gléck un déi richteg Mënsche geroden ze sinn. Gebuer um 25. Januar 1938 zu Los Angeles – d’Mamm war eng mannerjäreg Prostituéiert, déi kee Kapp fir Kanner hat, wärend de Papp net bekannt war – ass d’Jamesetta bei de Grousselteren an uschléissend an enger Fleegefamill opgewuess.

Déi éischt professionell Gesangscoursen sinn et am Alter vu 5 Joer ginn. D’Passioun zur Musek duerft dat jonkt Meedchen am Kierchechouer mam Gospel ausliewen. Zesumme mat der Fleegefamill ass d’Jamesetta schliisslech 1950 op San Francisco geplënnert, wou hatt den Trio The Creolettes gegrënnt huet an a Clubs a Bars optriede konnt.

Dobäi war et de Bandleader Johnny Otis, deen der Musekerin hiert Talent erkannt an dëst fërdere wollt. Hie war et och, deen dem Jamesetta geroden huet e Kënschtlernumm ze sichen an dofir d’Silbe vum Virnumm ze vertauschen. Mam Grupp Etta James & The Peaches ass d’Single „Roll with mä Henry“ erauskomm, déi spéider an „The Wallflower“ ëmbenannt gouf.

De groussen Duerchbroch fir d’Etta James ass komm, wou bis de Vertrag als Solo-Kënschtlerin bei Chess Records ënnerschriwwe war an d’Wierker „The Second Time Around“ an „At Last!“ d’Charts gestiermt hunn.

Wärend d’Artistin am Blues, Jazz, Rhythm’and’Blues, Funk a Rock’n’Roll experimentéiert huet, dobäi natierlech och dem Gospel trei bliwwen ass, sollt et Enn vun de 60er Joren biergof goen. D’Sängerin ass an eng schwéier Heroinsucht verfall, konnt den Entzuch awer erfollegräich duerchstoen an huet sech souguer duerno fir Anti-Droge-Programmer agesat.

Mat enger staarker, éierlecher a voller Stëmm huet d’Etta James seng Plaz an der Musek zeréck eruewert. Schliisslech gouf d’Musekerin 1993 an d’Rock’n’Roll Hall Of Fame opgeholl, huet divers Präisser gewonnen a sech weider behaapt.

Ma, 2008 koum de Film „Cadillac Records“ eraus, deen d’Geschicht vum Placke-Label Chess Records thematiséiert an och dem Etta James, dat hei vum Beyoncé verkierpert gëtt, zum musikalesche Succès verhëlleft. Ënnert anerem ass och d’Lidd „Tough Lover“ vum Christina Aguilera am Film „Burlesque“ gecovert ginn.

Op den Dag genee sinn et 10 Joer hir, datt d’Etta James kuerz virun hirem 74. Gebuertsdag am Spidol verstuerwen ass. D’Musekerin war un Hepatite B, Leukemie an Alzheimer erkrankt. Mat hirer Passioun huet si de Wee fir aner Soul-, Blues- an R&B Artiste prett gemaach an der Welt legendär Wierker hannerlooss, déi och haut nach beréieren.

Dernières nouvelles