D’Joer 2022 gëtt der Jugend gewidmet

Nodeems sech dëst Joer op de Schinneverkéier an Europa fokusséiert huet, steet d’Europäescht Joer vun der Jugend virun der Dier. Domat solle si zum engen méi Matsproocherecht an der Politik kréien, zum aneren hir Leeschtunge wärend der Pandemie wäertgeschat ginn.

Scho bei der Ried zur Lag vun der Unioun de 15. September huet d’Kommissiouns-Presidentin Ursula von der Leyen matgedeelt, datt d’Kommissioun proposéiert huet dat kommend Joer der Jugend ze widmen. Elo hunn de Rot an d’Parlament hiren Accord dozou ginn.

An dësem Kader huet d’Simona Kustec, slowenesch Ministesch fir Educatioun, Wëssenschaft a Sport, betount datt besonnesch Jugendlecher d’Pandemie schwéier verkraaft hunn. Schoule waren zou, Hobbyen hu gréisstendeels misse flaach falen an och d’Frënn ze gesinn war, wann iwwerhaapt, just mat Aschränkunge méiglech.

„Si verdéngen en Europäescht Joer dat si an de Fokus réckelt. A si verdéngen nogelauschtert ze kréien wann d’EU Decisiounen trëfft fir seng Politik ze formen“, sou d’Simona Kustec. Zesumme wéilt een d’Zukunft vun der Europäescher Unioun formen an der Jugend dofir eng Stëmm ginn.

Mat zuelräichen Evenementer a Konferenzen, sou wéi Informatiounscampagnen soll dat europäescht Joer gefëllt ginn.

Dernières nouvelles