Covid19-Impfung: Ewéi gesäit et mam Booster aus?

Duerch déi aktuell Epidemiewell an déi zousätzlech Bedreeung duerch d’Omikron-Variant kënnt et de Moment zu villen Hospitalisatiounen.

An dësem Kader huet de Rot fir Infektiounskrankheeten decidéiert, d’Zäit vun der leschter Impfung mat Pfizer oder Moderna an der Booster-Impfung vu 6 op 5 Méint ze verkierzen.

Dofir wäert d’Regierung an zwou Stufe virgoen. Aluedungen, déi nach Enn dës Jores fortgeschéckt ginn, bleiwen bei der Opfrëschung vu 5 Méint.

Bei deenen Aluedungen, déi no Neijoerschdag fortgeschéckt ginn, ass d’Booster-Impfung schonn no 4 Méint méiglech. D’Opfrëschung gëtt opmannst fënnef Méint no enger leschter Dosis – also wann den Impfschema komplett ass, verginn. Deen dofir genotzten Impfstoff ass een mRNA-Impfstoff, onofhängeg dovunner, wat ee virdru gesprëtzt kritt huet.

Fir Persounen, déi ee schwaacht Immunsystem hunn, eng Organtransplantioun haten oder d’Dialys notze mussen, ass déi zousätzlech Impfung no mindestens 5 Méint recommandéiert.

D’Daten zu der Wierksamkeet sinn berouegend. Bei vollstänneg geimpfte Persounen ab 70 Joer besteet ee bal néngmol méi gerénge Infektiounsrisiko oder enger Hospitalisatioun wéinst dem Covid19.

Et ass ganz einfach ee Rendezvous ze kréien. D’Aluedunge gi vun der lëtzebuergescher Regierung mat der Post verschéckt. Dono kann een ee Rendezvous ausmaachen – entweder an engem Impfzenter oder bei engem Hausdokter. D’Lëscht vun den Dokteren, déi matmaachen, kann hei agesi ginn.

Och d’Telefonsnummer (+352 247-65533) proposéiert eng individuell Hëllef, falls weider Froe bestinn.

Dernières nouvelles