Fakenews iwwert d’Lëtzebuerger Landwirtschaft mussen endlech ophalen

Stellungnam vun „De Fräie Lëtzebuerger Baureverband“ (FLB) zur Annonce an den Dageszeitungen vum 1. Dezember vun den Organisatiounen „Mouvement Ecologique“, „Greenpeace“, natur&ëmwelt“ a „Meng Landwirtschaft“.

Als Bauerevertrieder wëll „De Fräie Lëtzebuerger Baureverband“ kloer Stellung huelen zur Annonce vum 1. Dezember vun den uewe genannte 4 Organisatiounen. Mat dëser Annonce hunn d’Auteuren e ganze Beruffsstand bei de Lieser un de Pranger gestallt, och wa si ëmmer erëm betounen, datt d’Agrarpolitik an net d’Baueren fir divers Feelentwécklunge verantwortlech wieren.

Déi ugewannte Methoden, duerch mëssverständlech Duerstellung Opmierksamkeet z’erreechen, sief et an der Opmachung vun der Annonce oder inhaltlecher Natur, ass eng Prozedur déi an éischter Linn dorop ofzilt Medienopmierksamkeet ze erzilen. Se stëft awer och an erhieflechem Mooss Verwirrung bei enger Bevëlkerung déi net méi an der Lag ass tëscht Fakenews a Realitéit ze ënnerscheeden.

Esou ass eng vun den ënnerzeechnenden Organisatioune keng landwirtschaftlech Organisatioun wéi et den Numm vermudde loosse kéint.

Inhaltlech si wiesentlech Aussoen an der Annonce net zoutreffend a beroue warscheinlech op Wëssensdefiziter, respektiv berécksichtegen net divers Moossnamen vun der Landwirtschaft am Beräich Nohaltegkeet a Klimaschutz.

Esou hëlt d’Lëtzebuerger Mëllechproduktioun z.B. international éischter eng Virreiderroll a Saache Klimaschutz an, an dës wäert duerch reegelméisseg eenzelbetriblech erfaassten Date beluecht.

Déi verzerrt Duerstellung dreift domat e Keil tëscht d’Landwirtschaft an d’Gesellschaft, den d’Verständnes vun engem faire Matenee vu verschidden Interessensgruppen komplett ënnergrieft.

Bei eis Baueren entsteet zwangsleefeg den Androck, datt d’Auteure vun der Annonce bewosst den „Aascht vun enger gudder an héijer Liewensmëttelproduktioun ofseeë wëllen, op deem mir all sëtzen.“

D’Informatiounen a Fuerderungen an der Annonce kënne mir als praktesch Baueren dofir a kenger Weis novollzéien. Der Offer vun engem Dialog steet den FLM allerdéngs immens oppe géigeniwwer.

Positiounspabeier a Recommandatiounen vum FLB un de Landwirtschaftsministère

Den FLB huet aktiv e Positiounspabeier a Recommandatioune am Landwirtschaftsministère zum Strategieplang an der Agrarreform agereecht.

Op Basis vun der praktescher Landwirtschaft a wëssenschaftsbaséierende Léisungen hu mir an dësem Pabeier Virschléi fir eng nohalteg a produktiv Landwirtschaft opgewisen.

Matgedeelt vun „De Fräie Lëtzebuerger Baureverband“ (FLB)


Reaktioun vum Landwirtschaftsministère op d’Matdeelung vun de 4 Organisatiounen:

De Landwirtschaftsministère denoncéiert d’Kommunikatiounsmethode vu mouvement écologique, natur & ëmwelt a Greenpeace

De Landwirtschaftsministère denoncéiert d’Kommunikatiounsmethode vu mouvement écologique, natur & ëmwelt a Greenpeace an distanzéiert sech vun der ëffentlecher Matdeelung déi haut an der Dagespress ënner falschem Numm verëffentlecht gouf.

Mir sinn an enger Zäit wou Fakenews den ëffentlechen Discours erschwéieren an dofir ass et ëmsou méi bedenklech, datt 3 ugesinnen Organisatiounen d’Lieser wëlle bewosst täusche fir esou hir Visioun iwwert d’Neiorientéierung vun der Landwirtschaft bekannt ze maachen.


Annexen:

Dernières nouvelles