Feier am Dikrecher Lycée

Gëschter, 1. Dezember, ass der Police um 9.20 Auer ee Brand am neie klassesche Lycée zu Dikrech (Joseph Merten Strooss) gemellt ginn. Et sollt sech erausstellen, datt hei ee sougenannte Pabeier-Spender an enger vun den Toilette gebrannt huet.

Eng behäerzte Persoun déi present war huet d‘Feier nach virum antreffe vun de Pompjeeën ënner Kontroll bruecht. Eng gutt Aktioun déi wuel dierft verhënnert hunn, datt Persounen zu Schued komme konnten. Och de Schued ass esou a „Grenze“ gehale ginn.

D‘Police gëtt net dovunner aus, datt de Pabeier sech aus eegener Kraaft entzünt huet. Hei huet also folgerichteg ee Klatzkapp (deen dierf och weiblech sinn) eppes nogehollef. Ee Kontext deen dann elo zu enger Enquête féiert. D‘Police bitt hei ëm Mathëllef. Wien also eppes zum Sachverhalt bäidroe kann, ass gebueden sech mat der Police a Verbindung ze setzen.

Zoustänneg ass d‘Kommissariat Dikrech/Veianen. Si kann erreecht ginn, per Telefon 244 80 100 oder per eMail un police.diekirchvianden@police.etat.lu

Dernières nouvelles