Suessem: Feier am Industriegebitt Gadderscheier

Gëschter am spéiden Nomëtteg sinn d‘Pompjeeen vum CGDIS op e Brand am Industriegebitt Gadderscheier geruff ginn. Bei enger Seeërei hu Fërderbänner, déi Holzspéin transportéieren, Feier gefaangen. D‘Rettungsdéngschter hunn deelweis misse mat Otemschutz schaffen.

En Iwwergräifen op weider Maschinnen an Anlagen um Site konnt duerch d‘Aarbecht vun den Asazkräfte verhënnert ginn. Nodeems d‘Feier ënner Kontroll war gouf d‘Situatioun nach iwwer Stonnen iwwerwaacht, fir esou en neit Opflamen ze evitéieren.

Feier am Industriegebitt Gadderscheier
© CGDIS

Nieft den zuelräiche Pompjeeën war ech eng Ekipp vum SAMU an de Soutien Sanitaire en Intevention am Asaz. Blesséierter gouf et glécklecherweis keng.

Dernières nouvelles