Feier zu Diddeleng – 4 Kaze vum CGDIS gerett

Um Sonndeg Nomëtteg sinn d‘Pompjeeën vum CGDIS op e Brand zu Diddeleng geruff ginn. Hei hat et op engem Balcon vun enger Residenz um zweete Stack geflaamt. 

Wéi d’Asazkräfte matdeelen ass duerch d’Feier d‘Fënster futti gefuer. De Brand konnt schnell geläscht an en Iwwergräifen op weider Wunnenge verhënnert ginn.

Ma, aus dem Appartement hunn d‘Pompjeeën 4 Kaze gerett, déi fir eng Kontroll an d‘Déiereklinik bruecht goufen. Blesséiert gouf glécklecherweis weder en Véierbeener, nach e Mënsch.

Uschléissend gouf plazeweis d‘Fassade opgerappt fir eventuell Brandnäschter ze sichen.  Och d’Nopeschwunnenge si kontrolléiert ginn.

D’Wunneng ass netméi bewunnbar. 

Dernières nouvelles