CGDIS: Baumaterial huet warscheinlecht d’Feier zu Reisduerf ausgeléist

Um Méindeg Owend no Mëtternuecht sinn d‘Pompjeeen vu 4 CIS‘en op e Brand vun engem Haus, dat nach am Bau ass, geruff ginn. Bis spéit an d‘Nuecht eran waren d‘Asazkräfte beschäftegt.

De CGDIS geet dovunner aus, datt d‘Feier vun engem Stock vun Holz a Baumaterial ausgaangen ass a sech schnell iwwert d‘Isoléierung op der Fassad ausgebreet huet. D‘Pompjeeen konnten allerdéngs verhënneren, datt d‘Flamen sech bis bei den Daach erop schaffe kennen.

En Deel vun der Fassad huet missen nach an der Nuecht ofgebaut ginn, fir datt d‘Feier net nach emol ugeet. Am Asaz waren de CIS Reisduerf, CIS Bettenduerf, CIS Nordstad a CIS Fiels.

Feier zu Reisduerf
© CGDIS

Ma, domat awer net genuch. Gëschter am Nomëtteg gouf et e Feier am Bësch bei der N27 tëscht Esch-Sauer a Lëlz. D‘pompjeen vum CIS Alebesch a CIS Gréiwels waren op der Plaz. Géint der Owend huet dunn an der Rue Jean-Baptiste Gellé zu Bouneweg eng Poubelle Feier gefaangen. Hei huet sech de CIS Lëtzebuerg drëm gekëmmert.

Haut de Moien géint hallwer 11 gouf et um CR102 tëscht Keespelt a Schëndels e Brand un enger Camionnette. De CIS Kielen a CIS Miersch waren op der Plaz. Bei all dëse Bränn gouf et glécklecherweis keng Blesséierter.

Dernières nouvelles