Wéi eng Friichten d‘Covid19-Pandemie dréit (kommentéiert)

Zanter ee puer Méint huet et, fir sech der Covid19-Politik vun eiser Regierung ze erwieren, eng Rei Manifestatiounen. Esou deen duerch d‘Medie bekannt gemaache „Stëlle Wäisse Marsch“ (MBS) an déi solidaresch Polonäs (Polonaise Solidaire). Dëse friddleche Protest ass beweist eigentlech, datt – zumindest wat Lëtzebuerg direkt betrëfft – eis Demokratie nach an senge Grondsätz funktionéiert.

Elo huet et dann awer gewëssen Elementer, déi am Kontext vun dëser „Beweegung“ grad eben dës Demokratie, also eigentlech déi demokratesch Rechter, duerch geféierlechen Aktivismus a Fro ze stellen. An dësem Kontext gëtt och gäre vun „Diktatur“ gebraddelt, an esou munchen Element géif ee wënschen, e wéist wouvunner hie schwätzt. Et gëtt sech zudeem eppes vill un den däitschen an éisträichesche Virbiller orientéiert. Hei gëtt elo ganz offensichtlech op eng Rebellioun gewett…

Elo soll et dann zousätzlech nach ee weidere grousse Rassemblement ginn, zu deem et alt nees heescht: „Den Organisateur ass onbekannt“. Hei rifft op Facebook, ee gewësse „SA BO“ zum grousse Rassemblement um Glacis op. Dat fir de kommende Samschdeg 2. Dezember, a weist andrénglech drop hin, datt elo all „eenzele“ gebraucht gëtt: hei de originellen Text am Wuertlaut.

Covid19

Natierlech soll och dëse „Rassemblement mat uschléissender Wanderung“ ee friddleche sinn, wat jo wuel dat mannst ass, wat ee vu Leit erwaarde sollt, déi bannent enger Diktatur vun hiren demokratesche Rechter gebrauch maachen. Also eigentlech kee Grond sech Gedanken ze maachen? Dach, zumindest wann een eppes hikuckt. A et muss een net déif wulle goe fir de Feeler ze gesinn.

Et ass alles am Wuertlaut esou gehalen, datt et kaum juristesch Ugrëffspunkten huet, wat zu ënnerschiddleche Spekulatioune leede kann. Entweder ass de Personnage sech der Wuertwiel ganz bewosst, oder et huet Strëppenzéier déi Hand beim Schreiwe leeden. Mam Post vum 19. Oktober kann een awer behaapten, datt zumindest d‘Grenz vum „gudde Geschmaach“ däitlech iwwerschratt ginn ass. De Mouvement radikaliséiert sech a schléit eng Richtung an déi scho bedenklech ass.

Covid19

Dat soll net bedeiten, datt et keng gutt Grënn hätt, sech zesummenzedoen, fir déi abstrus Politik am pandemesche Kontext ze denoncéieren. Et feelt u Koherenz, u klore Linnen, an et hält een un engem „Choix“ fest, deen de facto keen ass – ausser et huet e sech fir de Choix vun der Regierung entscheet. Jo Politik mécht Feeler, huet et schwéier déi anzegestoen, an dat kënnt dobäi eraus.

Dernières nouvelles