Net krank, just hongereg: Fuuss bäisst Leit zu Kielen

Nodeems am Raum Kielen 3 Persoune vun engem Fuuss gebass goufen, huet d’Naturverwaltung decidéiert d’Déier ze fänken an op Wëlltollwut a Staupe testen ze loossen.

Fiiss sinn territorial an zum Deel och als Eenzelgänger ënnerwee. Esou war ee sech sécher mat der Fal, déi de 7. November opgestallt ginn ass, dat richteg Déier ze erwëschen. Dräi Deeg méi spéit haten se de Fuuss, hunn en erschoss an an de Labo geschéckt.

Fir sécher Resultater ze kréien huet e Referenzlabo d’Prouwen ënnersicht. Am Endeffekt war ee sech awer eeneg, datt de Fuuss keng Krankheeten hat. Elo geet d’Naturverwaltung dovunner aus, datt d’Déier vum Mënsch gefiddert ginn ass, doduerch esou no koum a souguer gebass huet.

An dësem Kader gëtt drop higewisen, datt d’Koexistenz tëscht wëllen Déieren a Mënschen meeschtens harmonesch verleeft. Dobäi sollt een awer drun denken, kee wëllt Déier (Fuuss, Wäschbier, Wëllschwäin, …) gewollt oder ongewollt ze fidderen. D’Kazefudder soll domat och net de ganzen Dag dobausse stoe gelooss ginn. Doriwwer hinaus ënnerläit d’Fidderen dem Juegdgesetz.

All Joer ënnersicht d’Veterinärsverwaltung ëm 100 Fiiss op Wëlltollwut (fir lescht 1999 e Fall zu Lëtzebuerg), an aner Krankheeten a Parasitten, wéi de „Klenge Fuussebandwuerm“, deen och op de Mënsch kann iwwerdroe ginn. Déi ënnersichten Déieren goufen entweder op der Strooss iwwerrannt oder gi geziilt aus sanitäre Grënn erschoss.

Dernières nouvelles