Mir gedenken dem legendären Joe Cocker

Dëse britesche Sänger konnt net nëmmen duerch seng Stëmm iwwerzeegen, mee lieft och haut nach duerch seng Musek weider. Um haitegen Dag gedenke mir dem Joe Cocker,deen den 22. Dezember 2014 am Alter vu 70 Joer u Longekriibs verstuerwen ass.

Nieft senger markanter an eenzegaarteger Stëmm, war e weidert, typescht Markenzeechen säin wëllt Gestikuléieren mat den Äerm wärend sengen Optrëtter. Net ze vergiessen, datt hien um legendäre Woodstock-Festival dobäi war. De bekannte Musek-Magasinn « Rolling Stones » zielt den Joe Cocker zu den 100 beschte Sänger. An dat mat Recht.

Dobäi huet hien a senger Karriär vill Lidder gecovert – « With a Little Help from My Friends » ass zum Beispill vun de Beatles. Déi méi eeler ënnert eis, erënnere sech zum Beispill un d’Serie « Wunderbare Jahre ». Dofir gouf d’Lidd benotzt. Och säin « Summer in the City » staamt vun « The Lovin’ Spoonful aus de 60er Joren.

A souguer Standard-Hymne « You Can Leave Your Hat On » fir de Striptease an den Hollywoodfilmer ass ee Cover. Ma dat ass egal, de musikalesche Kënschtler huet aus all Lidd eppes Eenzegaarteges gemaach.

Schonn als Teenager war den Joe Cocker an ënnerschiddleche Bands aktiv, d’Optrëtter dobäi ware meeschtens a Jugendzentren. Seng éischte, selwer gegrënnte Band war « Vance Arnold and the Avengers“. Dës gouf am Joer 1961 gegrënnt, den Här Cocker huet sech de Kënschtlernumm Vance Arnold ginn. Ëmmerhi war dës Formatioun eemol als Virgrupp vun de Rolling Stones ze gesinn. Succès haten si also.

Leider gouf seng ganz Karriär vun Drogen- an Alkoholseskapade begleet. Doduerch sinn ee Koup Rechnungen entstanen, déi hie gezwongen dozou hunn, immens vill ze touren. Dobäi ass de Museker u seng Grenze komm.

Och un Auszeechnungen huet et him net gefeelt, ënnert anerem krut hien de Grammy Award, zweemol « d’Gëlle Kamera“ a souguer d’Queen huet hien zum « Order of the British Empire » ausgezeechent.

Hien war ee Mann, deen mat all Faser vu sengem Kierper gelieft huet. No sengem Bestietnis huet de Joe Cocker sech eng Ranch kaf an ënnert anerem Geméis geziicht. Hien huet gelieft.

Dernières nouvelles